[PARLAMENTARESCH FRO] Reewaassertax

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen weiderzeleeden.

D’Stad Lëtzebuerg huet als eenzeg Gemeng am Land eng Reewaassertax agefouert, déi am Taxereglement als Tax fir „redevances de scellement des sols“ gefouert gëtt. D’Taxereglement vun der Stad Lëtzebuerg gesäit ausdrécklech vir, datt dës Tax och vum Staat (secteur étatique) muss bezuelt ginn.

Wéi aus dem Gemengerot aus der Stad Lëtzebuerg ze héieren ass, hätt de Ministère fir nohalteg Entwécklung eng Schold vu ronn 2,5 Milliounen Euro bei der Gemeng, wat d’Reewaassertax aus de Joren 2011, 2012 an 2013 betrëfft. De Ministère géif dës Tax virum Geriicht konadréieren.

Eng weider Schold wéinst der Reewaassertax fir déiselwecht Period betrëfft d’Administration de la Navigation aérienne: e Montant vu 700 000 Euro wier dës der Stad Lëtzebuerg schëlleg.

Dowéinst erlaben ech mer, dem Här Minister dës Froen ze stellen:

  1. Ass et korrekt, datt de Ministère d’Reewaassertax fir d’Joren 2011, 2012 an 2013 juristesch konadréiert huet? Wat waren d’Argumenter, fir dës Tax ze konadréieren?
  2. Hält déi aktuell Regierung dës juristesch Klo oprecht, oder wäert de Ministère fir nohalteg Entwécklung seng Scholde bei der Stad Lëtzebuerg bezuelen ?
  3. Wat geschitt mat der Schold vun der Administration de la Navigation aérienne ?
  4. Wéi steet d’Regierung allgemeng zur Reewaassertax? Soll d’Gemeng Lëtzebuerg dës Tax ofschafen oder sollen ieren aner Gemengen duerzou verleet ginn, dës och anzeféieren ?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding

Deputéierten

Deel dëse Post: