[QUESTION PARLEMENTAIRE] Poste frontière de Dudelange-Zoufftgen

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an un den Här Minister fir d’Groussregioun weiderzeleeden.

An der Press konnt een deslescht gewuer ginn, datt de Grenzposten Diddeleng-Zoufftgen soll ofgerappt ginn. Den Här Minister fir nohalteg Entwécklung hätt dës Decisioun an enger Sëtzung vun der franséisch-Lëtzebuerger Commissioun zur Verstäerkung vun der grenziwwerschreidender Kooperatioun bekannt ginn.

An der Äntwert op meng Fro N° 912 vum 22. September 2010 huet den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen nach d’Wichtegkeet vun dësen Infrastrukturen ënnerstrach: « En dépit du fait que les contrôles douaniers aux frontières intracommunautaires ont été abolis, les infrastructures Sterpenich, Mesenich et Dudelange-Zoufftgen, situées sur des axes du réseau routier transeuropéen, gardent leur pertinence pour les contrôles sécuritaires assurés par l’Administration des douanes et accises (ADA) avec, entre autres, la Police grand-ducale, conformément à la législation européenne et nationale, notamment en matière de transport routier ».

An deem Kontext wéilt ech den Häre Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ass den Här Minister fir nohalteg Entwéckung an Infrastrukturen net der Meenung, datt d’Äntwert op d’Fro N° 912 a Contradictioun ass mat der Decisioun de Grenzposten Diddeleng-Zoufftgen ofrappen ze loossen?
  2. Fir wéini ass d’Ofrappe vum Grenzposte virgesinn?
  3. Ass dës Decisioun mat de franséischen Autoritéiten ofgeschwat ginn?
  4. Wat fir en Impakt huet d’Ofrappe vum Grenzposten op d’Kontrollen, déi vun der Administration des Douanes et des accises (ADA) duerchgeféiert ginn?
  5. Bedeit d’Ofrappe vum Grenzposte Zoufftgen, datt guer keng Kontrolle méi duerchgeféiert ginn?
  6. Fir de Fall, wou Lëtzebuerg géif temporär Grenzkontrollen a Conformitéit mam Schengen-Accord aféieren, a wéi enge Conditioune géifen d’Beamte vun der Douane an d’Leit, déi misste kontrolléiert ginn, ënnerbruecht ginn?
  7. Wéi dacks an ënnert wat fir enge Conditioune sinn an deene leschte Joren um Grenzposten Diddeleng-Zoufftgen Kontrollen duerchgeféiert ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: