Proppert Waasser zu abordablem Präis ass e Grondecht!

Wasser

Den 8 Abrëll hunn den Éierepresident Roby Mehlen an den Diddelenger Gemengeconseiller Marc Schiffmann eng Pressekonferenz zum Thema Waasser gehalen. Si sinn op dräi Beräicher agaangen: Drénkwaasser, Ofwaasser an Héichwaasser.

D’ADR setzt sech an dësem Dossier fir d’Fräiheet vun de Gemengen an. Si sollen hir eege Tarifpolitik bestëmme kënnen.  Fir Gemenge mat strukturellen an topographeschen Nodeeler misste staatlech Kompensatioune bei den Investissementer virgesi ginn.

Wat d’Stéit ubelaangt, misste pro Joer a pro Kapp 30 Kubikmeter Waasser gratis sinn. Fir d’Landwirtschaft a fir d’Véihaltung misst e Präis vun engem Euro pro Kubikmeter virgesi ginn. D‘Kompensatioun un d’Gemenge wier duerch den Agrarfonds méiglech. Wat d‘Handwierk an d’Industrie ugeet, missten d’Betriber, déi produktiounsspezifesch vill Waasser brauchen, e speziellen Tarif kréien (Kompensatioun iwwer de Waasserfong).

D’Europaparlament stëmmt demnächst iwwert eng sougenannte Konzessiounsdirektiv of, déi zwar net direkt zu enger Privatiséierung vun der Waasserversuergung géif féieren, mä dëse Schrëtt géif däitlech vereinfachen.

D’ADR ënnerstëtzt an deem Kontext déi Europäesch Biergerinitiativ „Wasser ist ein Menschenrecht“ (https://right2water.eu/).

Dir wëllt eisen Dossier zum Thema Waasser liesen? Einfach op déi éischt Säit klicken!

Deel dëse Post: