Projet Google: D’Leit hu konkret Äntwerte verdéngt!

Et ass gewosst, datt eis Regierung dem Projet Google géint iwwer favorabel agestallt ass – obwuel mat engem Rekordverbrauch u Ressourcen ze rechnen ass. Wéi sech dat mat därer streng moralescher Ëmwelt-Ideologie vun der grénger Regierungspartei an Aklang brénge léisst, ass allerdéngs net ze verstoen. Bis elo ass Gambia dann och konkret Äntwerten op konkret Froe schëlleg bliwwen. Fir den ADR-Fraktiounschef Gast Gibéryen ass dëst Verhalen inakzeptabel! D’Leit hunn ech Recht ze wëssen, wéi een Impakt Google op d’Ëmwelt an op de Ressourcëverbrauch vu Lëtzebuerg huet.

(Bild: Google Datenzenter an Holland/Foto:Shutterstock)

Deel dëse Post: