Preventioun géint “Happy Slapping” an der Schoul?

Et ass eng Lektür déi erféiert: Am Lëtzebuerger Wort heescht et, datt Bande vu jonke Leit sech zesummendinn, fir sech en Affer erauszesichen, zesummenzeschloen an déi Doten och nach ze filmen an am Internet ze verëffentlechen. Dëst brutal Virgoe bezeechnen se zynesch als “Happy Slapping”. Vill vun den Täter sollen nach am schoulflichtegen Alter sinn an op mannst een Iwwergrëff huet an engem ëffentleche Lycée stattfonnt. Wéi reagéieren déi zoustänneg Ministeren a wéi eng Ënnerstëtzung kréien d’Direktiounen, d’Schoulpersonal an déi betraffen Affer?

Deel dëse Post: