E Freideg den 23 Abrëll huet d’ADR de Presse hier détaillert Analys vun de Virschléi aus de Tripartite présentéiert, an dobäi och konkret Virschléi gemeet wéi en de Staatsbudget kann entlaschten ouni d’Familljen ze belaschten.

A senger Introduction huet de Gast Gibéryen nach emol un d’Slogaen vun CSV an LSAP bei de lëschte Walen erënnert a betount : « Wann e virun de Waalen Bierger belitt, brauch ee sech nët ze wonneren dass no de Walen Leit engem nët gleewen».

Trotz extrem gudde Joeren huet d’Land kéng Reserven, dat wëll d’Geld verschleidert ginn ass, z.B. duerch vill onsënneg Projeten (Tunnellen fir d’Autobunn, Embau vum Kierchbierg, Pei Musee, Festungsmusee, Philharmonie, Cité judiciaire, Coque, Centre de conférences, Cita, E-go, Militärflieger, Etuden fir den Tram…).

D’ADR hutt nogerechent

An engem ganz détailléirten Dokument huet d’ADR ausgerechent wat d’Spuermesuren vun des CSV-LSAP Regiergung den eenzelne Bieger kaschte wärd. Dir kennt dëst Dokument integral vum Site heroflueden.De Gast Gibéryen huet och am Détail d’Propositiounen vun der ADR virgestallt wéi en de Staatsbudget kann entlaschten ouni d’Bieger, an ganz speziell d’Familljen, dobäi zevill ze belaschten.D’ADR fuerdet d’Transparenz an de Staatsfinanzen.  De Staat muss als alleréischt béi sech selwer spueren :

  • Schluss mat de Geldverschwendung,
  • Aschränkung vun de sougenannten „ crédits non limitatifs et sans distinction d‘exercice »;
  • d’Verwaltungskäschten 20 % reduzéieren;
  • duerchforsten vun Subventiounen a Subsidien;
  • reduzéieren vun den Publizitéitskampagnen vun de eenzelnen Ministerien;
  • d’Entwécklungshëllef op 0,7 % vum PIB zéreckféieren;
  • Ofschaffung vum Chancegläichheetsministère;
  • Kandidatur fir e Mandat vu Lëtzebuerg am UN-Sécherheetsrot zerëckzéien;
  • Neiverhandlung vun den Beiträg an internationalen Organisatiounen;
  • Stopp mam Verprassen vun Budgetsreschter um Enn vum Joer…

D’ADR fuerdert dass dës Projeten gestrach gin:

  • Tram,
  • Militärflieger,
  • E-Go,
  • d’Zuchstreck vun der Gare op de Findel.

Aner Projeten, wéi den Ausbau vun der Autobunn tëschent Sténgefort an Diddeleng oder de Bau vum Vélodrome sollen méi spéit réaliséiert ginn.

Index muss erhale bleiwen!

D’ADR setzt sech weider an dass den Index erhale bléift, nëmmen den Tubak an den Alcool sollen eventuell aus dem Wuerekuef eraus gehol ginn.

D’ADR as géint all déi familljefeindlech Propositiounen vun der CSV-LSAP Regierung.
Wat d’Steieren betrëfft, ass d’ADR géint eng Krisesteier an d’Erhéijung vun der TVA.

D’ADR ass averstaanen mat der Nëtupassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun, mat enger Erhéijung vun der Solidaritéitsstéier, mat dem Eropsetzen vum Héichststeiersaz vun 38 ob 39 % an engem Supersteiersaatz vun 42% fir Steierpflichteg Beträg vun iwwert 250.000 Euro.

Wann et internatial Accorden gëtt as d’ADR fir eng Bankenofgab, z.B. d’Tobin-Taxe op Devisentrans-aktiounen. An engem internationalem Kontext, kann d’ADR och eng Taxe um Kerosin an der Fliegerei ënnerstetzen.