Pressekonferenz: Sécherheet zu Lëtzebuerg garantéieren! [Video]

Haut hat d’ADR d’Press geruff, fir iwwer d’Sécherheet hei am Land ze schwätzen. Net nëmmen mat Bezuch op déi rezent Evenementer an Däitschland a Frankräich, mä och wat d’Gewaltakten zu Lëtzebuerg an d’Entwécklung vun der Kriminalitéit ugeet. Op der Pressekonferenz geschwat hunn de Parteipresident Jean Schoos, de Generalsekretär Alex Penning an de Mario Daubenfeld, pensionéierten Arméi-Generol a President vun der ADR Bezierk Süden. Den Deputéierte  Gast Gibéryen an d’Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR Fraen waren och op der Pressekonferenz.

Punkt fir Punkt huet d’ADR hir Fuerderunge a Kritiken un der Sécherheetspolitik zu Lëtzebuerg virbruecht. Et geet haaptsächlech drëm, dat schlëmmst ze verhënneren (Präventioun) an d’Méiglechkeeten ze hunn, sech ze wieren. Ouni Panik wëllen ze maachen, hunn déi Responsabel rappeléiert, wat eiser Meenung no absolut verbessert kéint ginn, ugefaang dermat, datt Police an Arméi net déi Stäerkt hunn, déi se eigentlech missten hunn.

Deel dëse Post: