De 6. Januar 2012 huet d’ADR eng Pressekonferenz iwwert d’Schoulreform ofgehalen.

Et ass gutt, datt grondsätzlech iwwer d’Schoul debattéiert gëtt an och iwwer esou wichteg Froen wéi d’Allgemengbildung. De Système vun de Kompetenzsockelen gëtt weiderhinn zu Recht kritiséiert.
Mir freeën eis och iwwer d’Zivilcourage, dee vill Associatiounen, Gewerkschaften, mä virun allem och d’Schüler selwer gewisen hunn.  Esou Reaktiounen dinn eiser Demokratie gutt.

Mir stellen och fest, datt d’Diskussiounen am Abléck nach haptsächlech ëm d’Reform vum Enseignement « classique »  dréinen. Mä dat heescht net, datt den « technique » oder  d’« Formation professionnelle » vergiess ginn.

Een EU-Quota beseet datt 40% vun deenen déi diploméiert aus dem Secondaire kommen, sollen op d’Uni goen. Sou numeresch Ziler därfen keng negativ Auswierkungen op d’Qualitéit vun den Diplomer hunn. Et muss och differenzéiert gekuckt ginn, wéi eng Diplomer e richtege Studium verlaangen a wéi eng just eng verlängert Beruffsausbildung brauchen. Well net all post-secondäre Ausbildungswee ass e Studium dee muss op enger Universitéit gemaach ginn. Op kee Fall dierfen déi ëffentlech Diplomer dévaloriséiert ginn. Wien jiderengem en Diplom gëtt, huet herno kengem ee ginn!  Dat géif op d’Käschten vun der ëffentlecher Schoul goen a wier domadder och sozial ongerecht. Leit déi et sech kënne leeschten, géifen hir Kanner verstärkt op Privatschoulen oder auslännesch Schoule schécken.

D’Primärschoul huet däitlech u Niveau verluer, also muss de Secondaire och erof gestuft ginn. Hei geet et ëm den Iwwergang vun deene Schüler déi den neie « Fondamental » matgemaach hunn: also keng Punkte kennen, net méi konnten duerchfalen, kee Leeschtungsprinzip kenne geléiert hunn, nëmme nach mat sougenannte «Kompetenzsockele » bewärt goufen, etc…  Dobäi sinn déi Kompetenzsockelen dramatesch niddreg!

D’ADR mengt datt d’Reform vum Primär am Joer 2009 fundamental falsch war a si muss iwwerschafft ginn, nach eier un eng eventuell Reform vum Secondaire ze denken ass. Dës Reform vum Secondaire soll d’Schwächten vun der Primärschoulreform hëllefen ze verstoppen.

Déi geplangte Schoulreform ass och d’Resultat vun enger joerelaang verfeeltener Integratiounspolitik. Den Här Juncker huet um Site www.reformlycee.lu gesot, dat « d’Schoul muss sech ännere well d’Land sech geännert huet », an hien huet dat mat der Zuel vun de Kanner begrënnt, déi kee lëtzebuergesch méi kënnen.
D’ADR seet heizou, amplaz elo de Niveau vun eise Schoulen erof ze setzen, hätte mir sollen konsequent eng anstänneg Integratiounspolitik bedreiwen (classes d’accueil, etc…).  Déi Leit déi hei hikommen sinn ons wëllkomm, mä si sollen sech un eis upassen a net mir u si! Firwat konnten déi sproochlech Nodeeler net an der Primärschoul opgefaang ginn ?
D’Madame Delvaux sot selwer an der Unterrechts – Kommissioun an der Chamber dat d’Ofschafung vun de Grenzen tëschent dem Enseigment Secondaire an dem Enseignement Secondaire Technique aus sproochlesche Grënn leider net méiglech wier.
D’ADR huet näicht géint Flexibilitéit am Schoulsystème, mä ass allerdéngs fir méi Autonomie vun de Schoulen an doduerch och fir méi Konkurrenz tëschent de Schoulen.
D’ADR ass och fir eng Revaloriséierung vum Handwierk an allgemeng vun denen techneschen Beruffer. Si ass also fir eng Spezialiséierung  op héigem Niveau an net fir eng Gläichmaacherei. Jiderengem seng Talenter sollen respektéiert ginn.

Déi wierklech Erausfuerderungen sinn eiser Meenung no net erkannt ginn an zwar deen der internationaler Konkurrenz Rechnung ze droen.
Der Regirung hir Schoulreforme schrauwen den Niveau vun eise Schoulen erof, iwwerdeems eis Konkurrenten, zum Beispill an Asien,  hire Leeschtungsniveau permanent erop schrauwen. An aanere Länner, wou de Niveau vun den ëffentleche Schoulen allgemeng och ofhëllt, gëtt et doniewent awer ëmmer och streng leeschtungsorientéiert Schoulen. Mir brauchen dowéinst och hei am Land nees eng richteg Leeschtungskultur. Alles aanescht schued eiser economescher Konkurrenzfähegkeet!

D’Bedeitung vum Lëtzebuergeschen muss och endlech voll unerkannt ginn. D’ADR mengt datt an eisem Land, wéi an all anerem Land, déi national Sprooch a Kultur soll endlech Flichtfach an alle Schoulen an alle Klasse ginn. Déi kleng Fortschrëtter déi dës Reform soll brengen, gi bei wäitem net duer!

De Verfall vun eisem Schoulsystem hätt misse gestoppt ginn! Zënter Joeren ass bekannt, dat eise Schoulsystème um Verkommen ass a mir produzéieren well schonn Schoulmeeschteren déi leider dacks kee richtegt Franséich méi schreiwe kënnen. Dës Reform hätt misse géigesteieren, mä de Géigendeel geschitt!
Néideg wären: eng Bewärtung no Punkten am Primär an am Secondaire mat enger däitlecher Sanktioun fir Feeler wech vun de Kompetenzen an zeréck op Bildung a Wëssensvermëttlung (citoyen éclairé – vernetzt Denken)
D’ADR mengt datt een d’Problemer an d’Suergen vun deene schwaache oder schlechte Schüler muss eecht huelen a léisen, mä dat d’Léisung  net ka sinn fir dë Niveau vum Schoulsystème ze sacrifiéieren! Dozou gehéieren och d’Problemer, wéi Schoulofbriecher ouni Diplom an déi sëllechen disziplinaresch Problemer.
D’ADR ass also net géint eng Reform, mä fir eng fundamental aner Reform!

D’ADR ass géint eng Ofschafung vun den Sectiounen fir elo nëmmen nach zwou « Dominanten » ze hunn. Partiell Reformen wieren duer gaangen, wéi zum Beispill méi Mathematik op der A-Sectioun am Enseignement classique. Et hätte sollen do Reformen gemaach ginn, wou se néideg waren ouni gläich de ganze Système a Fro ze stellen.
D’ADR ass och dogéint datt d’7ième an d’6ième nëmmen nach ee « Bloc » sinn an dem ee net méi kann duerchfalen.
Domadder ginn d’Problemer nëmmen no hanne verlagert. Doubléieren ass net ëmmer  schlecht.  Et muss jiddefalls op Wonsch vun den Elteren oder de Schüler ëmmer méiglech bleiwen! Hei geet et just drëm eng « Katastrof » op der 7ième ze verhënneren well d’Kanner déi aus dem « Fondamental » kommen, net méi genuch kënnen. D’Hoffnung ass op 7ième a 6ième d’Retarden aus dem « Fondamental » e bësschen opschaffen ze kënnen.
D’ADR trëtt awer dofir an, datt de Kanner mat Problemer op der 7ième gratis Nohëllefstonnen am Schoulsystem ugebuede ginn. Dat ass jo och am Projet ugeduecht, mä fir d’ADR ass dat eng absolut Noutwennegkeet.
D’ADR ass géint en « travail personnel » op der 2ième. Eiser Meenung no kascht den « travail » zevill Stonnen, seng Modalitéiten si schwiereg fest ze leeën, d’Méiglechkeeten fir ze fuddelen sinn enorm. Et stellen sech och Froen vun der sozialer Gerechtegkeet.

D’ADR proposéiert alternativ, datt d’Uni Lëtzebuerg an all Summervakanz e Cours organiséiert fir déi zukünfteg Studenten (also fir déi, déi effektiv wëlle studéiere goen). Et soll ee Cours sinn vun zwou Wochen mam Titel « Initiation à la méthodologie scientifique ». Dee Cours soll lännerspezifesch ausgeriicht sinn, fir de Studenten et ze erlaaben den Universitéitssystem an dem Land ze verstoen, an dat si wëlle studéiere goen.

D’ADR ass och fir méi Eegeverantwortung vun de Jugendlechen. Eiser Meenung no gëtt de Schoulsystem zëvill paternalistesch. An der Primärschoul wéi am Secondaire ginn d’Schüler dauernd « orientéiert » a « conseilléiert ». D’ADR ass fir eng gutt Opklärung a Berodung vun de Schüler iwwer Studien- a Berufsméiglechkeeten, mat engem kloere Verweis op déi reel Chancen an d’Situatioun um Aarbechtsmaart, mä insistéiert op d’Eegeverantwortung vun de Jugendlecher. D’Orientéierung därf net iwwerdriwwe ginn!

Wann et nach géif een éierlechen an transparente Punktesystème an eisem Schoulsystème ginn, kéinten d’Schüler hir Stärkten a Schwächten och besser kenne léieren wéi an deene verklausuléierten Bilanen a Kompetenzen. (cf. an Däitschland gëtt schonn no der « 5. Klasse » eng Orientéierung an e « Gymnasium » gemaach)

Zudeem ënnerstëtzt d’ADR d’Musék a d’Konscht an eise Schoulen. Mir hätte gär, datt fir déi Sectiounen Zukunftsmodeller gesicht ginn, wéi z.B. de Sportlycée, amplaz d’Sectiounen ofzeschafen! D’ADR denkt drunn fir an Zësummenaarbecht mat denen Schoulen am Land déi fachspezifesch Wëssen hunn, wéi Arts et Métiers, Conservatoire, Musékschoulen, etc, e Konschtlycée ze grënnen, analog zum Sportlycée.
D’Museksectioun muss sou wäit wéi méiglech mat engem Musekconservatoire zësummeschaffen bis hin zu enger struktureller Integratioun. Aehnliches muss och fir d’Konscht gëllen. Et gëtt jo fir déi Beräicher eng Nofro um Aarbechtsmaart also musse mir och eng gutt Ausbildung offréieren.
Op 7ième a 6ième soll et Coursen an der Education musicale an an der Education artistique ginn, an deenen d’Schüler theoretescht d’Wëssen iwwer d’Musek an iwwer d’Konscht an d’Kënschtler vermëttelt kréien. Och op den héige Klassen muss an alle Sektiounen d’Méigkechkeet bestoen e Museks- a Konschtunterrecht ze kréien, sief et als Haaptfach, sief et als Optiounsfach.

D’ADR ass géint eng differenzéiert Sproochevermëttlung op Europarotsbasis (vun A bis C). D’ADR bekennt sech kloer zu enger eenheetlecher Approche am Sproochenunterrecht a virun allem och  zu der Bedeitung vun der Literatur an der Poesie.
E Lëtzebuergeschen 1ières-Diplom muss per se en héige Sproochniveau a verschiddenen Sproochen attestéieren an däerf op kee Fall beschtefalls fragmentaresch Wëssen verstoppen oder opwärten. Eng Sprooch därf net nëmmen als Kommunikatiounsvehikel gesi ginn, mä si ass och ë kulturelle Schatz! Eis Schoulen sollen de Leit d’Sproochen bäibrengen fir si op den héchste Niveau ze brengen an net einfach attestéieren, datt si net vill kënnen.

D’ADR ass fir eng Promotioun op der Basis vun de Punkten. Am Projet vun der Madame Delvaux soll zwar weider vun 1 bis 60 bewärt ginn, mä d’Decisiounen fir d’Promotiouen ginn awer net méi op der Basis vun engem Minimum vun 30 Punkten geholl. Domadder gëtt et och keng objektiv a verifiabel Vergläichsbasis méi.
Art 36 : La décision de promotion dans les classes inférieures est prise sur la base de l’atteinte des socles de compétence.
Art 39 : La décision de promotion dans les classes supérieures est prise sur la base de l’atteinte des objectifs d’apprentissage définis par le plan d’étude.

D’ADR passt besonnesch och op dëss Punkten op:

  • Keng Ofwärtung vum Latäin a vum Aalgriicheschen am klassesche Lycée, mä Efforten fir déi Sproochen nees méi ze propagéieren !
  • Méi obligatoresch Naturwëssenschaften an der Dominante « sciences naturelles » also Chimie, Physik, Mathematik, Informatik a Biologie op all Klass als obligatoresch Haaptfächer.

Lëtzebuergesch, Italienesch, Spuenesch a Portugiisesch  mussen op der Sproochendominante iwerall ugebuede ginn. Russesch a Chinesech sollen esou wäit wéi méiglech Optiounsfächer ginn. Dëst ännert näicsht un där grondsätzlecher Positioun vun der ADR dat déi lëtzebuerger Sprroch op all Klass gehéiert!
All Fach behällt säin eegen Wäert a seng eegen Existenzberechtegung  (z.B. Geographie a Geschicht) a muss och vun engem Professer ënnerriicht ginn, deen dat Fach studéiert huet. Et soll keen Amalgam vu Fächer ginn.
Dat heescht datt musse méi Sectiounen bestoe bleiwen, all op héigem Niveau an d’Wahlméiglechkeeten vum Schüler därefen net zevill grouss ginn.

D’ADR ass fir d’Weiderbestoen vu Klassen mat engem Régent. Déi aktuell Reform féiert zu enger vollkommener Desintegratioun vun de Klassen.   D’ADR fäert och datt de Premièresexamen nach weider ofgewärt gëtt. Heizou brauch et awer nach weider Precisiounen, well d’Texter vum Ministère nach net kloer genuch sinn. D’ADR proposéiert eng Reform vum Sportunterrecht (dozou eng aner Presskonferenz).

Als Conclusioun kann e soen:

  • Dës Reform muss gestoppt ginn!
  • D’ADR hätt gär eng anstänneg Integratiounspolitik op der Basis vum Lëtzebuergeschen amplaz datt de Niveau vun de Schoulen muss erof geschrauft ginn.
  • D’ADR ass géint déi Iddi fir nëmmen zwou « Dominanten » ze hunn, mä hätt gär op d’mannst 5 Sectiounen : Sproochen, Mathe, Naturwëssenschaften, Economie a Finanzen, Konscht a Musék.
  • D’ADR hätt gär däitlech méi Niveau a méi Leeschtung an de Schoulen a nët manner.

Niewebäi bemierkt freet d’ADR freet sech ob d’Embenennung vum Enseignement « classique » a « général » virzehuelen wierklech néideg ass, just fir no dem franséiche Système ze fueren. Dat ass genee esou onsënneg wéi d’Embennung vum « Primär » an de « Fondamental ».

De Fernand Kartheiser hat awer nach eng Bemierkung zu de Rechter vun deene gescheetenen oder getrennt liewenden Elterndeeler. Den Artikel 3 vun der « Proposition de texte de loi » definéiert « parent(s)  de l’élève » als « personne(s) investie(s) de l’autorité parentale ». Dat ass fir eis net akzeptabel. Déi zwee Elterendeeler hunn allzäit d’Recht an d’Flicht fir sech ëm d’Erzéiung vun hire Kanner ze këmmeren! D’Madame Delvaux geet hei komplett, souwuel géint den Trend vun der Zäit (autorité parentale conjointe) wéi och géint d’Kannerrechter.

De Video op Youtube