An der éischter Pressekonferenz am Joer 2010 hunn de Robert Mehlen an de Roy Reding am Numm vun der ADR Positioun zum Staatsrot bezunn.

De wichtegste Kritikpunkt betrëfft d’Zesummesetzung vum Staatsrot. Esou entsprécht déi heiteg Zesummesetzung wéi och déi an de leschte 20 Joren net de politesche Kräfteverhältnisser am Parlament. Dono hätt d’ADR op mannst Usproch op 2 Sëtzer am Statsrot. D‘Majoritéitsparteien hunn dat awer duerch hire Vote an der Chamber bis elo all Kéiers verhënnert.

Dir wëllt d’Fuerderunge vun der ADR noliesen? Hei uklicken!