Méi Transparenz an der Budgetspolitik

De 5. Oktober 2011 hunn sech an der Fraktioun, déi Delegéiert aus de Bezierker, der ADRenalin an der interner Fraenorganisatioun zesumme gesat an déi parlamentaresch Sessioun 2011/2012 virbereet. Déi Haaptpunkte niewent de Renten, dem Index an dem Chômage waren : d’EU-Politik mat Griicheland, Bauprojete Wickreng – Léiweng, ProActif, Schléissen vun de Sitë Schëffleng a Rodange bei Arcelor-Mittal an déi lëtzebuerger Asylpolitik.

EU-Politik

D’Prognostique vum ADR sollten sech als richteg erausstellen. Griicheland huet een Hëllefspak zougesprach kritt, deen direkt bei deenen auslännesche Banke land, wou d’Griichen hier Créancen hunn. De Steierbezueler gesäit dovun kee Su. Op dat déi richteg Léisung fir Griicheland ass, stellt d’ADR weider a Fro.

Bauprojet Wickreng – Léiweng

D’ADR well no der Chamberssëtzung vu gëschter, keng Conclusioun zeien. D’nächst Woch ass an der Chamber eng Debatt, wou et bestëmmt nach weider nei Aspekter an dësem Dossier wäerte ginn. Ausserdeem wäert d’ADR eng Motioun déposéieren, fir de Stadion op Midfield ze bauen, well d’ADR och der Meenung ass dat dës Léisung déi bëllegst an déi bescht Variant ass. Vu gëschter un, ass de Projet Léiweng souwisou gestuerwen. Mat grousser Wahrscheinlechkeet, wäert zu Réiser d’LSAP net déi absolut Majoritéit behalen, an et ka gutt sinn, datt den neie Gemengerot dëse Projet net ënnerstëtzt. Et kéint esouguer zu engem Referendum kommen.
An den Aaen vun der ADR soll den neie Stadion ouni e grousst Geschäftszentrumm gebaut ginn an dat vun der ëffentlecher Hand an net vun engem private Promoteur.

Rentendossier

D’ADR ass sech wuel bewosst, datt et keen dréngenden Handlungsbedarf gëtt. Mä et muss eppes geschéien an dësem Dossier an zwar nach an dëser Legislaturperiod. Et gëtt geschätzt datt Lëtzebuerg misst ee Wuesstem vu 4% hunn an all Joer 10 000 Aarbechtsplaze schafe misst fir d’Renten « natierlech » kennen ze erhalen. Wa Lëtzebuerg dann 1.000.000 Salariéeën huet, ass domat de Problem net geléist, well déi Leit wëllen och eng Rent. Duerfir muss dringend eppes um Auszebezuelungssystem gemaach ginn. Eis Pensiounskeesen hunn zwar weltwäit déi gréisste Reserv an et soll jo och esou bleiwen, datt déi nächst Generatiounen och eppes dovun hunn.

ProActif

De Fall ProActif läit an der Hand vum Procureur, deen eng Enquête wéinst Verontréiung vun ëffentleche Gelder mëscht. Allgemeng soll een d’Beschäftegungsinitiativen net a Fro stellen. E positivt Beispill dofir si Polygone an Co-Labor. Fräi nom Moto « Schuster bleib bei deinen Leisten » sollen awer d’Gewerkschafte bei hirer Aufgab bleiwen an net Patron welle spillen, also och keng eege Beschäftegungsinitiative bedreiwen. Traureg ass wann ee feststellt, datt bei ProActif 2 Chomeuren op 1 Betreier kennt a bei der ADEM 1 Staatsbeamten 400 Chomeure muss betreien. Ausserdeem sollten déi Beschäftegungsinitiativen dem Ziel déngen, déi Aufgaben ze erfëllen, déi d’Betriber um lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart net kennen erfëllen. Mä an der Zwëschenzäit fënnt een se och am Transport, an der Kannerbetreiung, an der Landwirtschaft, etc. D’ADR fuerdert datt d’ADEM soll eng « Cellule » kreien, déi d’Aufgab huet esou Beschäftegungsinitiativen ze ennerhuelen. Dës ADEM Cellule kéint weiderhin Personal vermëttelen, prioritär un d’Gemengen an de Staat. D’Betriber an d’Entreprisen sollen awer och ënnerstëtzt ginn, wa si ageschriwwe Leit astellen.

Stolindustrie – Arcelor Mittal

Wou sinn da blouss déi Garantien hin, vun deenen eise Premier Jean-Claude Juncker an der Chamber am Juni 2006, zum Thema Verkaf vun Arcelor un den indesche Stolmogul Lakshmi Mittal, geschwat huet ? Sinn des Garantien iwwert d’Erhale vun de lëtzebuerger Standuerten dokumentéiert an noweisbar oder sinn d’Léit an d’Ier gefouert ginn ? Et mëscht d’ADR béis, wa si gesäit, datt nach eng Woch virdrun, déi Hären Juncker a Krecké mat den Aarbechter op Belval « 100Joer lëtzebuerger Stolindustrie » gefeiert hunn. An eigentlech woussten si schonns, datt eng Woch drop, d’Hiobsbotschaft vun der Schléissung bekannt géif ginn.

Budget

Wéi och schon bei der Rentrée 2010-2011, vermësst d’ADR d’Transparenz am Budget. D’ADR well wëssen, weivill Steieren a besonnesch Kierperschaftssteieren nach ausstinn. Bei der Kierperschaftssteier vun de Betriber huet eis Steierverwaltung 5 Joer Zäit huet fir déi ze verrechnen an anzedreiwen. Dowéinst well d’ADR weivill steieren nach vun deenen 50 déckste Betriber ausstinn. Doriwwer eraus verlaangt Transparenz am Budget och, datt ka novollzu ginn wei eng Recetten aus wei engem Steierjoer an aus wei engem Secteur stamen.
D’ADR ass iwwerzeegt datt déi aktuell Budgetssituatioun weder ee Sozialofbau nach eng Manipulatioun vum Index ka rechtfertegen. D’ADR verlaangt datt d’Kannergeld nees indexéiert gëtt an datt Mammerent muss nees vu 60 Joer un ausbezuelt ginn.
D’ADR kritiséiert d’Ausso vum Minister frieden dat d’Ofschafe vun der Krisesteier, eng Steiererliichterung wär. Si erënnert drun datt Tripartite souwisou nëmmen décidéiert gi war fir eng Krisesteier fir d’Joer 2011 virgesi war. Dono huet de Minister Frieden dës Steier och nach wëllen op 2012 verlängeren, wat hien awer elo net ka maachen. Dat ass also keng Steiererliichterung, mä just den ëmsetzen vun der Decisioun vun der Tripartite. D’ADR erënnert awer drun datt 2012, d’Steiertabell schonn nees net un d’Inflatioun ugepasst gëtt. An der Realitéit bezuelen d leit also net manner steieren, mä steier am Joer 2012.

Chômage

De Jugendchômage klemmt dramatesch, net nëmmen an der EU, mä och hei zu Lëtzebuerg. Eleng d’Stad Esch huet een Taux vu 24%. De Problem vum Jugendchômage ass also schon eng Zäitbomm an domadder déi gréissten Rausfuerderung un eise Staat. D’ADR ass iwwerzeegt, dat eng vun deenen gréissten Ursaachen fir de Problem, eisen Schoulsystem ass, deen duerch der Madam Delvaux hir Reformen ëmmer méi miserabel gëtt. D’ADR mëscht hir Propositiounen fir eise Schoulsystem nees ze verbesseren.

Asylpolitik

Och am Dossier Asylrecht huet d’ADR Recht behalen. D’Regierung hätt sollen direkt géint de Mëssbrauch beim Asyl virgoen. Et ass op kee Fall akzeptabel, datt d’Regierung elo probéiert  de Problem ze léisen, doduerch datt se Dieren vun hire Büroen zouspäert. D’ADR verlaangt datt déi Leit déi wierklech an hire Länner verfollegt ginn, hei am Land kennen Asyl kréien. Mä et gëtt héich Zäit datt d’Regierung endlech d’Dossieren vun deenen Leit, déi aus sécheren Drëttstaate kommen ganz séier evakuéiert.

De Video vun der Pressekonferenz op Youtube