« Keng weider Verschlechterungen an der Familljepolitik»

De 5. Oktober hunn zu Weimerskirch iwwert 30 Delegéierten aus de Bezierker, de Fraenorganisatioun an der ADRenalin (Jonk ADR) d’parlamentaresch Sessioun 2010-2011 virbereet. 4 Haaptpunkte stungen um Programm: d’Gesondheetsreform, de « Spuerpak » vun der Regierung, Integratioun a Sproch an d’Gesetz iwwert den Avortement.
De 7. Oktober hunn d’ADR Deputéiert zwee vun dëse Punkten an enger Pressekonferenz virgestallt: d’Finanzsituatioun an den Avortement.

Budgetsmanipulatiounen

De Gast Gibéryen, President vun der Fraktioun huet eemol méi dem Finanzminister Luc Frieden seng Budgetsmanipulatiounen duergeluecht. De Budget vun 2009, virun de Walen, ass am Equiliber duergestallt ginn. Et waren esouguer Walgeschenker méiglech(Upassung vun der Steiertabell, Erhéijung vun de Léin fir d’Enseignanten, Chèque-services) fir ze weise wéi gutt et dem Land géif goen. A Wierklechkeet huet de Staat awer fir 2009 en Defizit vu ronn 1 Milliard € opzeweisen.
No de Wale gouf am Budget fir d’Joer 2010 e groussen Defizit vun 2,2 Milliarden ageschriwwen, dëst fir e weidere Sozialofbau an nei Steieren ze justifizéieren. Um Ënn vu dësem Joer wäert den Defizit awer «nëmmen» bei 1,5 bis 1,6 Milliarde € leien, dëst ouni dass d’Spuermoossname gegraff hätten oder nei Stéieren agefouert goufen!

Spuerpak

« Et gëtt also keng Ursaachen, fir weider Verschlechterungen an der Familljepolitik», huet de Gast Gibéryen betount, an dëst gëllt och vir d’Mammerent wou d’ADR net kann averstane sinn dass den Antrëttsalter vu 60 op 65 Joer gehuewe gëtt.
D’ADR wäert och keng aner Mesure aus dem «Spuerpak» matstëmmen, wéi z.B. Steiererhéijungen, esou lang wéi d’Regierung keng transparent Steierpolitik virweist a net bei sech mam spueren ufänkt (Geldvernichtung  Tramsétuden, Militärfliger, Gëlle Fra on Tour…).

“Bipartite”

D’ADR acceptéiert d’Decisioun déi mat de Gewerkschafte getraff gouf fir déi nächst Indextranche op den 1. Oktober 2011 festzeleeën, net awer de Wee wéi dës Decisioun geholl ginn ass. An der « Bipartite », also ouni d’Patronat mat um Dech ze hunn.
« Mir kënnen dës Prozedur net acceptéieren, et ass eng Frechheet vis-à-vis vun dem Patronat. Dat selwecht wier de Fall wann  d’Regierung  eng Decisioun mam Patronat  ouni Gewerkschaft um Dech getraff hätt.  Dat ass net de Lëtzebuerger Modell, et ass net Staatstragend an “de Premier huet e riese Feeler gemeet” sot de Gast Gibéryen.
Dass de Jean-Claude Trichet de lëtzebuerger Index condamnéiert huet, ass fir de Gast Gibéryen e weidere Beweis dass Europa eng Gefor ass fir ons Sozialpolitik ass. Och an dësem Dossier, z.B. iwwert eng parlamentaresch Fro, wäert de Gast Gibéryen dem Jean-Claude Juncker den Zant fillen!

Avortement

De Fernand Kartheiser huet d’Haltung vun der Partei a Saachen Avortement, esou wéi se an de Journée parlementaire bestätegt gouf, presentéiert.
D’ADR wäert dat neit Gesetz vun der CSV-LSAP Regierung net matstëmmen. «Et ass eng verkappte Fristeléisung, weder Chrëschtlech nach Sozial» huet de Fernand Kartheiser betount. D’ADR steet fir d’Verdeedegung vu Wäerter, woubäi d’Liewen den héchste Wäert muss hunn.
An engem räiche Land wéi Lëtzebuerg däerf et kee materielle Grond ginn fir den Avortement. D’ADR ass fir eng ëmfaassend Opklärungsaarbecht, Moossnamen déi eng ongewollte Schwangerschaft verhënneren. Sollt et dach dozou kommen, muss déi jonk Mamm respektiv d’Famill all sozial, psychologesch a materiell Hëllef kréie fir de Puppelche kënnen op d’Welt ze sëtzen.