D’ADR mécht sech Suergen iwwert dat wat a Griicheland geschitt an d’Konsequenze vun dëser Krise op den Euro, déi och Lëtzebuerg net verschounen. No ville Konsultatiounen huet d’ADR e Freideg den 17. Juli, op enger Pressekonferenz, eng Léisung aus dëser Krise presentéiert déi esouwuel de Griichen hëlleft hiert eege Schicksal an d’Hand ze huele wéi och en Deckel op d’Faass ouni Buedem leet.

Griicheland muss gehollef kréien awer soll den Euro opginn!

De Generalsekretär Roy Reding ass op d’Uersachen vun dëser schwéierer Krise agaangen. E goufen kloer Konditiounen, déi Vertraglech „geséchert“ waren, fir der Eurozone bäizetrieden: déi sougenannten „Maastricht-Kritären“. Fir an d’Eurozone ze kommen däerf e Staat net méi wéi 3% vun sengem PIB nei Verscholdung pro Joer ophuelen, an d’Gesamtscholden däerfen net méi wéi 60% vum PIB iwwerschreiden.
Griicheland huet dës Konditiounen ni erfëllt a bewosst falsch Daten op Bréissel geliwwert. Esou huet zum Beispill 2004 d’Schold vu Griicheland net 60%, wéi am Vertrag virgesinn, mä 114% vum PIB ausgemeet. Dëst wossten och déi zwee Jean-Clauden, den President Trichet vun der europäescher Zentralbank an de Juncker, President vum Eurogroup (an am Niewenjob Premier vu Lëtzebuerg).
An der grousser Euro-Euphorie ass Grousszügeg iwwert dës Täuschungen ewech gekuckt ginn, bis dass aus de Euphorie eng Tragedie gouf! Haut muss Griicheland eng Schold tëschent 300 a 533 Milliarde stëmmen, an domatten ass déi griichesch Tragedie zur europäescher Tragedie ginn. Dobäi ginn, och vum Juncker, dem griichesche Vollek Sacrificen nogeluecht déi an der Wéi vun der Demokratie d’Gefor vun engem Biergerkrich erbäi rifft!

De Jacques-Yves Henckes, Deputéierten, huet e kloeren Auswee aus der Krise proposéiert, deen op d’Solidaritéit mam griichesche Vollek an op e Schlussstréch wat d’Dépensen ugeet opbaut. D’Schold, déi Griicheland net méi stëmme kann, muss erof gesat ginn, dëst mat engem Bündel vu Moossname wéi eng Entlaaschtung bei den Zënsen an enger Verlängerung vun den Lafzäiten (technesch gennant e „roll-over“). Dorunner mussen esouwuel déi ëffentlech Banken an Institutioune wéi d’Privatbanken an Investisseuren (z.B. d’Hedgefongen) op den Deel vun hire Fuerderunge verzichten.
Am Geigenzuch vun dëser massiver Hëllef soll Griicheland ass der Eurozone austrieden an den Drachmen erëm aféieren. Duerch dës Moossnam kréien d’Griichen Souveränitéit iwwert hir Währung an hir Economie erëm zréck, an kënne laangfristeg hiert Land erëm op gesond Féiss stëllen, ënner anerem iwwert eng competitiv Tourismusindustrie. Fir den ADR ass dës Léisung – der Verzicht op en Deel Fuerderungen op de griichescher Schold an d’Austriede vu Griicheland aus der Eurozone – deen eenzeg richtege Wee aus der Krise.