Seelen huet e Projet esou héich Welle geschloen, wéi déi geplangt Gesondheetsreform vum sozialistesche Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo.

De Jean Colombera, Member an der zoustänneger Kommissioun an der Chamber, an de Robert Thill-Heusbourg, niddergeloossenen Dokter a Vizepresident vum ADR Bezierk Norden, hunn mam Gast Gibéryen, President vun der Fraktioun, am Kader vun enger Pressekonferenz de Minister opgefuerdert säi Projet, deen praktesch vun all Akteur am Gesondheetswiesen ofgeleent gëtt, zeréck ze zéien oder integral ze iwwerschaffen.

An dem Zesummenhang huet d’ADR och een Dag méi spéit 49 Amendementer, déi sech op Fuerderungen vun der AMMD baséieren, un d’Gesondheetskommissioun vun der Chamber weidergeleet.
Niewt der Kritik un der Gesondheetspolitik vun der Regierung huet eng Aarbechtsgrupp vun der ADR an de leschte Woche eegen Virschléi ausgeschafft, wéi no hirer Meenung, eng kohärent Gesondheetspolitik misst ausgesinn, woubäi d’gesondheetlech Wuel vum Patient fir d’ADR eng absolut Prioritéit huet.

D’Virschléi am pdf-Format