
Pressekonferenz: Fir eng gerecht Familljepolitik
Erzéiungsrent amplaz chèque service
Am Kader vun hirer Positionéierungscampagne huet d’ADR de 7. Abrëll hiert Konzept vum Betreiungsgeld respektiv der Erzéiungsrent virgestallt. Basis vun deem Konzept ass d’Iwwerleeung, datt d’Erzéiungsaarbecht vill méi ewéi bis elo vum Staat unerkannt muss gin. Do dernieft ass d’ADR der Opfaassung, datt de Staat sech net an d’Fro anzemëschen huet wéi eng Famill sech organiséiere wëll.
„Déi Politik déi an de leschte Joren gemaach gin ass, mëscht sech awer an“, esou den ADR-Fraktiounschef Gast Gibéryen, dat andeems de chèque service just deene Familljen zegutt kënnt déi hir Kanner an eng Betreiungsstruktur gin. „Déi Elteren awer, déi hir Kanner doheem erzéien, kréie kee chèque service a ginn an eisen Aen vum Staat behandelt ewéi de leschten Dreck.“
D’ADR plädéiert duerfir datt deen Elterendeel, deen doheem bleift fir d’Kanner z’erzéien eng staatlech Unerkennung kritt. Dofir fuerdere mir de Beruffstitel vum „Erzéienden Erwuëssënen“ an e Betreiungsgeld fir jiddereen.
An dësem Betreiungsgeld sollen all d’Familljenzoulagen déi et de Moment gëtt zesummegefaasst ginn Fir déi sozial Komponent net ze vergiessen muss dëst Betreiungsgeld besteiert gin. Mat dësem Betreiungsgeld kënnen Elteren dann entweder eng Opfankstruktur bezuelen an déi se hir Kanner gin, oder, wann se hir Kanner doheem erzéien, kënnen se dëst Betreiungsgeld fir sech behalen, ma mussen sech obligatoresch an enger Pensiounskees weiderversécheren.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden