Pressekonferenz: Eng Regierung géint d’Famill (Video)

E Freideg, de 24. Januar, huet den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser eng éischt Stellung geholl zu den ugekënnegten Intentiounen vun der Regierung an der Familljepolitik. Dobäi muss d’Fro erlaabt sinn: ass d’Madame Corinne Cahen Minister fir d’Famill… oder Anti-Familljeministesch? Déi nei Blo-Roud-Gréng Regierung gëtt den Androck, Politik géint d’Famill a géint den „intérêt supérieur“ vum Kand ze maachen.

De Fernand Kartheiser, a Begleedung vun den Deputéierten Gast Gibéryen a Roy Reding, an dem Conseiller vun Diddeleng Marc Schiffmann, huet u wichteg Punkten aus dem ADR Programm erënnert: „d’Famill ass d’ Kärzell vun der Gesellschaft, et geet em d’Wuel vun de Kanner an d’Famill sëlwer muss de Choix hunn, wou a wéi se hir Kanner betreit“.

Den ADR-Deputéierten huet sech iwwert d’Raison d’être vum Familljeministère Froe gestallt: „Eng Familljepolitik déi den Numm verdéngt soll d’Famill als Institutioun schützen a förderen. D’Familljepolitik soll sech och ëmmer um Wuel vum Kand orientéieren. Si ass net do fir prioritär aner Ziler ze verfollegen, wéi z.B. d’Egalité des Chances oder Spuerziler. D’Madame Cahen verkennt also hir Aufgaben. Si ass net d’Affekotin vun der Famill, mä en Instrument géint d’Famill.“

Duerno huet de Fernand Kartheiser e puer präzis Punkten ugeschwat:

Kannergeld: Déi selwecht Zomm fir all Kand ignoréiert d’Progressioun vun den Depensen an den allgemenge Wuelstand vun de Familljen. Et gëtt keen Zweiwel, datt méi Kanner och méi Käschten verursaachen, déi „économies d’échelle“ kënnen net alles opfänken!

Allocation d’éducation: dës steet deem Elterendeel zou, deen sech doheem ëm d’Kanner bekëmmert (2 Joer pro Kand). Déi soll, der Madame Cahen no, ofgeschaaf ginn well d’Fraen sollen „encouragéiert“ ginn, fir schaffen ze goen. De Choix ob Erzéiung doheem oder schaffe goen gëtt domatt fir vill Leit de facto ofgeschaaf. D’ADR ass domadder net d’Accord, am Interêt vun de Kanner, awer och well doduerch um Enn méi Depensen fir de Staat ufalen.

Mammerent: D’ADR verlaangt weider, datt Fraen, déi kéng eegen Uspréch op eng Rent hunn, d’Mammerent ausbezuelt kréien, an dëst vu 60 Joer un. Et geet hei drëms, d’Leeschtung vun dëse Mammen unzeerkennen, awer och ëm de Gläichheetsprinzip tëschent alle Fraen. Mammen, déi eng eege Rent hunn, kréie weider d’Mammerent iwwert d’Babyjoeren unerkannt.

Congé parental: d’ADR verlaangt, endlech och hei d’Fräiheet vun de Familljen ze respektéieren amplaz hinnen Virschrëften ze maachen, op d’Mamm oder de Papp dëse Congé mussen huelen. Wann de Congé parental vun enger Aarbechtsmesure soll zu enger Familljemesure ginn, da soll den Interêt vum Kand, säi Recht op d’Präsenz vun engem Elterendeel un éischter Plaz stoen.

Mësstrauen vis-à-vis vun den Elteren: Am Koalitiounsaccord steet ze liesen: „une attention particulière sera réservée aux parents dont les enfants ne fréquentent pas de SEA (Structure d’éducation et d’accueil“. D’ADR dréit dës „Entelterung“ op kenges Falls mat a wäert sech mat aller Konsequenz dogéint wieren!

Homo-Bestiednis: d’ADR ass weider géing d’Homo-Bestiednis, wëll dëst quasi automatesch och d’Recht op Adoptioun no sech zitt. D’ADR ass der Meenung, datt Kanner eng Mamm an e Papp brauchen, a verlaangt op dësem Punkt e Referendum.

Deel dëse Post: