De 7. September 2010 huet de d’ADR an enger Pressekonferenz seng Analys vum aktuelle Schoulsystem presentéiert an Virschléi proposéiert fir «eng Schoul mat Niveau déi um Leeschtungsprinzip berout ». Niewent dem Deputéierten Fernand Kartheiser hunn den President vun der adrenalin Andy Maar, de Parteipresident Roby Mehlen an den Fraktiounspresident Gast Gibéryen d’Journalisten empfaangen.

Kompetenzen

D’ADR stellt de Konzept vun de Kompetenzen ganz grondsätzlech a Fro, woubäi „d’Kompetenzen“ an eise Schoulen net als Synonym vu “Begabung“ verstanen ginn, mä als progressiv ze developpéierend Kapazitéit fir Wëssen konkret ze applizéieren.  De Begrëff Kompetenzen verniwwelt d’Bedeitung vu Wierder wéi „Wëssen“ oder „Bildung“.  Länner wou éischter mam Kompetenzunterrecht ugefangen hunn, wéi d’Belsch oder Kanada, sinn derbäi zréck ze rudderen.

Pädagogesch Methoden

D’ADR ass net fir „Béchsen“, mä awer fir e systematescht Léieren vu Grondregelen, z. B. bei de Verben,  Vokabelen an dem 1×1. Et ass einfach net méiglech, dat een ouni Effort eppes dauerhaft ka léieren a verhalen. D’Schoul brauch pädagogesch Methoden am Rechnen, déi d’Dividéieren an d’Multiplizéieren net onnéideg komplizéiert maachen!

Schoulbicher

D’ADR hätt och nees gären méi systematesch opgebaut Schoulbicher. An de Sproocheproblem sollen joreszäitenadäquat Texter sinn, déi sech selbstverständlech och un eisen Traditiounen a Bräich orientéieren. Et sief och nach gesot, dat d’Kanner ze vill Bicher an ze vill schwéier Bicher musse schleefen.

Evaluation a Bilanen

« Déi exklusiv positiv Evaluatioun („L‘élève est capable de …“) ass pädagogesch falsch », sot de Fernand Kartheiser.
D’Kanner och mussen och léieren mat Frustratiounen an Enttäuschungen eens ze ginn. Duerzou  gehéiert och, dat een als Kand léiert op d’Zänn ze bäissen, sech ze iwwerwannen an sech drun ze ginn! Iwwerall am Liewen gëtt d’Leeschtung gelueft a belount an d’Competitioun gëtt encouragéiert: am Sport, an der Musek, an den Entreprisen an och elo bei de Promotiounen am Ëffentlechen Déngscht.  Soll et da richteg sinn, dat just an der Schoul („Nicht für die Schule, für das Leben lernen wir!“) dat net soll sou sinn?

Och well de Niveau vun de Kompetenzen niddreg ugesat a nëmme positiv ass, féiert dës Evaluatioun alt nees zu engem „nivellement vers le bas“. D’Feeler gi jo net méi ervirgestrach: si gi mat viru geschleeft an ënnerbewäert.

D’ADR mengt, dat Leeschtung soll encouragéiert ginn! « Wann d’Schoul nëmmen en déiwen Niveau certifiéiert, ass dat de Konträr vun Sozialpolitik » betount de Fernand Kartheiser.

Bilaen aplaz vun Zensuren

D’Bilanen gi vum Léierpersonal a vun den Elteren als onverständlech kritiséiert, z.B. duerch vill technesch-pädagogesch Ausdréck. Ënner de Punkten an de Classementer konnten d’Elteren sech nach eppes virstellen! Si woussten wou hir Kanner dru wären. D’ADR verlaangt nees Zensuren, wou niewent de Punkten och d’Schüler och individuell bewäert ginn.

Diziplin

Am aktuelle « Règlement grand-ducal du 7 mai 2009 concernant les règles de conduite et l’ordre intérieur communs à toutes les écoles » komme Wierder wéi «disclipine » an « obéissance » net eemol dra vir. D’Autoritéit vum Léierpersonal wéi och d’Strofen si net kloer beschriwwen.

D’ADR betount dobäi dass et wichteg ass den Hannergrond vun den disziplinaresche Problemer ze beliichten an ze verstoen : d’Kanner brauchen en Doheem, mat enger Persoun déi sech ëm si këmmert!

Integratioun

Et ass e Feeler d’Classes d’accueil duerch e cour d’accueil ze ersetzen, wou Kanner d’Unterrechtsproochen net beherrschen. D’ADR fuerdert weider dass Kanner déi nei an d’Land kommen, oder aus aner Ursaachen d’Lëtzebuergescht net beherrschen, während engem Joer an eng Klass kommen wou se méi besonnesch an de Sproochen fit gemeet gi vir den allgemengen Unterrecht.

Motivatioun vun de Schoulmeeschteren a vun de Léierinnen

D’Léierpersonal huet kaum nach disziplinaresch Méiglechkeeten; beklot sech iwwert d’Bürokratiséierung vun hirer Aarbecht an huet d’Gefill vun enger dauernder Kontroll – och vu géigesäiteger Kontroll –  wéi vum Verloscht vu Fräiheet. Besonnesch vill kritiséiert ginn déi onendlech vill, obligatoresch a bürokratesch Coordinatiounsreuniounen („Reunionitis“).

D’ADR fuerdert weider dass d’Koordinatioun an dës Schoulen, an d’Léisung vu ville Problemer, vun engem Schouldirekter gemanagt gëtt !

Orientéierung an d’6. Schouljoer

Déi Orientéierung an d’Lycéeën ass net transparent a gëtt ganz allgemeng als net objektiv ugesinn. D’ADR fuerdert dass déi aktuell Prozedur grëndlech iwwerpréift ginn. Weider muss de Sekundar esou opgebaut ginn dass nach genuch Flexibilitéiten am Systeme sinn, fir eng aner Orientatioun ze erméiglechen. Dëst kann mat engem modularem Opbau vun de Coursen geschéien.

D’ADR Fuerderungen am Resumee

  • Keng 68er-Pädagogik, mä Struktur, Systematik a gutt Schoulbicher;
  • Wech vum Kompetenzbegrëff, an zréck zum Wëssens- a Bildungsbegrëff, mat Ausnam vun enger Rei vun techneschen Beräicher;
  • Mir brauche nees Schoulprogrammer;
  • Eng objektiv Bewäertung: Prüfungen an Zensuren mat Punkten + Beschreiwung;
  • Eng Schoul mat Niveau an déi op dem Leeschtungsprinzip berout;
  • E neit Disziplinarreglement (méi Autoritéit a méi Respekt – eventuell Hëllefsstrukturen fir Elteren);
  • Eng nei Familljepolitik (nom ADR-Modell) !
  • Eng gutt Integratioun vun den Auslänner an e konsequent Op- an Ausbauen vum Lëtzebuergeschen;
  • Eng éierlech an objektiv Orientéierung an de Secondaire!
  • Manner Bürokratie a Kollektivismus, manner Reuniounen an een Direkter pro Schoul!
  • Keng Experimenter op Käschte vun de Kanner („Eis Schoul“!)
  • D’ADR hätt och gär eng besser Zesummenaarbecht tëschent de Schoulen an de „maisons-relais“ a si insistéiert ob e Weiderbestoen vum „congé parental“.