Am Lëtzebuerger Parlament gin déi kleng Parteien systematesch an zanter Joren benodeelegt. D’ADR huet elo eng Partie Propositioune gemaach fir Remedur ze schaaffen.

Et fänkt schonns mat der Zuele vun Deputéierten un déi ee muss hunn fir eng Fraktioun kënnen ze sinn. Zu Lëtzebuerg sinn dat 5 oder 8,33 % vun de 60 Deputéierten, bei eisen direktenNopere ginn tëscht 2,5 an 5% vun den Deputéierten duer fir de Status vum parlamentaresche Groupe ze kréien. De Fraktiounsstatut ass dobäi entscheedend ënnert anerem fir d’Riednerzäit am Parlament an déi allgemeng Méiglechkeeten vun der parlamentarescher Interventioun, mam Resultat dass déi kleng Parteien vun engem gudden Deel vun der parlamentarescher Aarbecht ecartéiert ginn.

Verstouss géint demokratesch Prinzipien

E Politiker deen zu enger sensibilité politique gehéiert huet um Enn manner Méiglechkeeten fir seng Aarbecht ze maachen ewéi en Deputéierten deen zu enger Fraktioun gehéiert. Fir d’ADR ass dëst ondemokratesch a verstéisst géint den demokratesche Prinzip, dass all Deputéierten déi selwecht Rechter muss hunn.

Den ADR Deputéierte Fernand Kartheiser huet während enger Pressekonferenz awer och op eng ganz Partie aner Mëssstänn am Fonctionnement vum Lëtzebuerger Parlament higewisen. Esou géifen d’Chamberdebatten ëmmer méi kuerz ginn, dacks gëtt just nach op de kierzte Riedemodell zeréckgegraff, wéi dat zum Beispill bei den Debatten iwwer d’Ouverture vun der Fonction Publique fir EU-Bierger de Fall war. Fir de Fernand Kartheiser gëtt den ëffentlechen Debat an der Chamber systematesch museléiert.