D’Landwirtschaft am allgemengen an den Agrocenter am besonneschen waren den Thema vun der Pressekonferenz vum 1. September. De President Roby Mehlen, den Deputéierten Jean Colombera, Member vun der Agrarkommissioun an der Chamber an de Jean Schoos, Veterinär a Member vum ADR-Nationalvirstand hun dorun deelgeholl.

De President huet an senger Aleedung op déi schwéier Kris an der Landwirtschaft opmierksam gemeet. Dëst kann net esou bleiwen. De Roby Mehlen : « D’ADR plädéiert fir eng Agrarpolitik mat stabil Präisser, et muss een der Spekulatioun entgéintwierken ».

Wat den Agrocenter zu Miersch betrëfft stellt de Roby Mehlen folgend Froen :

  • Wat ass schief gelaf, a wien ass responsabel?
  • Kann d’CEPAL fräi iwwer den Agrocenter verfügen?
  • Muss wierklech op der grénger Wiss gebaut ginn?

Fir op dës Froen ze äntweren huet en den Historique vun der Landwirtschaftspolitik zënter dem leschte Krich gemeet. Am Resumé : den aktuelle Agrocenter, d’Siloen vu Miersch, sinn iwwert Kompensatiounskeesen finanzéiert ginn, wou all Bauer duerch Gesetz verpflicht war anzebezuelen. Opschonns d’Legislatioun virgesinn huet dass den Agrocenter der Chambre  d’Agriculture soll gehéieren (also alle Baueren), ass dësen am Endeffekt d’Propriétéit vun der CEPAL  SA, enger anonymer Gesellschaft déi der Bauerenzentral  (enger « Gewerkschaft ») gehéiert.

D’CEPAL wéisst am Bilan vun 2008 kumuléiert Perten vun ronn 40 Milliounen € op. Dës Schold kéint zreck bezuelt ginn duerch de Verkaf vum Agrocenter, wou dann en néie Wunnquartier géif entstoen. Mee dëst Plënneren op en néie Site bréngt enorm Käschten mat séch, z.B. fir d’Infrastrukturen. Fir de proposéierten Site ze viabiliséieren muss eng nei Strooss (ënnert der Nordautobunn) gebaut ginn, Waasser a Stroum geluet ginn. Weider  ass den neie Site extrem staark vun den Naturfrënn kontestéiert, an e kann zu laangen juristesch Streidereien kommen. Fir d’ADR eng Verschwendung vu genossenschaftlechen an ëffentleche Gelder.

D’ADR seet jo zu neien a funktionellen Ariichtungen an Infrasrukturen am Interêt vun der Landwirtschaft. Dës sollen awer um aktuellen Terrain gebaut ginn. Firwat ?

  • Den Terrain ass do a gehéiert der Landwirtschaft als Ganzt
  • Keen deiere Kaf vum Terrain / kee Verbrauch vun Akerland
  • Den Terrain ass amenagéiert an d’Infrastrukturen sinn do, en ass un d’Eisebunn ugeschloss
  • Keng Schiedegung vu Landschaft an Naturschutzgebidder
  • Keng Ännerung vum Bebauungsplang
  • Keen onendlech laange juristesche Kampf ëm Autorisatioun um neien Terrain

De Roby Mehlen : « Fir d’Landwirtschaft an de Staat ass d’Modernisatioun vun de Siloen um aktuelle Site déi rationellst Léisung! An dorëms muss et goen. Et ass Geld genuch muttwëlleg futti gemaach ginn. D’Bauren an d’Steierzueler däerfen net schon rëm bei d’Lisette gelooss ginn »

D’ADR fuerdert, am Dossier Agrocenter vu Miersch, dass d’Regierung hier Verantwortung iwwerhëlt, am Respekt vun der Legislatioun, dem Naturschutz an dem Regierungsprogramm.