D’ADR huet de 17 Juni 2011 eng éischt Pressekonferenz iwwert Griicheland a säi Wee aus der Kris ofgehalen. Deemools sinn eng Rei vu Feststellungen gemaach a Léisungen proposéiert ginn. An et huet sech erausgestallt, datt d’ADR mat hire Prognosen Recht behält. All di Ufuerderunge sinn och vun der EU ëmgesat ginn, leider e bëssen ze spéit, sou datt dëse Szenario keen Happy-End wäert kréien.

Déi dräi Propositiounen, déi den Députéierten Jacques-Yves Henckes firgestallt hat, waren: 1) Griicheland een Deel vun de Scholden erloossen 2) de Banken ze hellëfen, déi duerch dës Moossnam a Schwiregkeete geroden 3) Griicheland muss fräiwëlleg aus der Eurozone austrieden

D’ADR ass nach ëmmer der Meenung, datt Griicheland misst aus der Eurozone austrieden. Zu dësem Moment misst den Echange 1 Drachme = 1 Euro sinn. Domat hätt Griicheland erëm seng Souveränitéit iwwert déi eegen Economie an hirt eegent Geld. Doropshin kéint ee lues a lues d’Geld ofwäerten a Griicheland kéint laangfristeg erëm op eegene stabile Féiss stoen.

Zur gläicher Zäit huet d’EU méi Méiglechkeeten, fir aneren EU-Länner ze hëllefen, deenen nach ka gehollef ginn. Well d’Faillite vum griichesche Staat géif eist d’Land verkraften. Mee eng Faillite vun z.B. Italien, géif eist Lëtzebuerg béis op de Mo schloen. Griicheland wäert seng Schold ni kenne bezuelen. Esouguer wa si sech elo strikt géifen un d’Consignen halen, da wieren se 2020 nach bei bei enge Verscholdung Scholdeschnëtt vun 120% vum PIB. Dat ass nach ëmmer dat Duebelt wat am Traité vu Maastricht virgesinn ass.

De Referendum ass net a Fro gestallt, vu datt d’ADR eng Partei ass, déi fir d’Basisdemokratie steet an d’Meenung vum Bierger fuerdert. Wat a Fro gestallt ass, ass de Moment vun der Ufro vum Referendum. Knapp 4 Deeg no der Decisioun vum Accord fir de Rettungsschirm, kennt de griichesche Premier mat der Fro fir e Referendum. Dëst hätt scho während de Verhandlunge vum Hëllefspak missen diskutéiert ginn. Dozou kennt datt eng Vertrauensfro an d’Haus steet. Wann hei d’Leit sech majoritär géint hire Premier Papandreous ausschwätze ginn et Neiwahlen a Griichenland.

Dat ass dann och de Moment fir driwwer nozedenken, op et net endlech un der Zäit ass fir eng Scholdebrems an d’Verfassung anzeféieren (awer de Länner d’Art a Weis vun der Emsetzung iwwerloossen) an EU Rating Agenturen ze grënnen.

De Video vun dëser Pressekonferenz