Bei der Debatt iwwer d’Schäfferotserklärung an der Stad huet gëschter den ADR-Politiker Fernand Kartheiser virgeschloen, dat den « Analyteschen » (Gemengebuet vun der Stad) d’Rieden an där Sprooch publizéiert an där se gehal ginn, esou wéi dat jo och schonn an der Chamber gemaach gëtt. Domadder géingen dann och d’Debatten am Stater Gemengerot endlech op Lëtzebuergesch verëffentlecht ginn. Donieft kéinte jo dann nach Iwwersetzungen an aner Sproochen drugehaangen ginn.

Dogéint huet déi gréng Politikerin Fabiana Bartolozzi Asproch erhuewen. D’Lëtzebuerger kéinte jo all Däitsch a Franséisch a bräichten dowéinst keen Text op Lëtzebuergesch. Déi Gréng weisen domadder op e Neits dat si kee Respekt virun onser Nationalsprooch hunn. Hautdesdaags hunn déi Gréng déi selwecht Arroganz géintiwwer der lëtzebuerger Sprooch wéi déi staater Bourgeoisie si am 19. Joerhonnert hat.

Och ass déi negativ Haltung vun deene Grénge géint iwwer der lëtzebuerger Sprooch a Kultur een vun de Grënn firwat Lëtzebuergesch net konsequent als Integratiounssprooch hei am Land promovéiert gëtt. Duerch hir Doctrine vum « Multikulturalismus » schafen déi Gréng a Wierklechkeet Parallelgesellschaften wou déi eenzel Nationalitéite méi niewentenee wéi matenee liewen.

Och dowéinst fuerdert d’ADR eng dynamesch Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger iwwer d’lëtzebuerger Sprooch, wëll eng gelongen Integratioun ass eng zentral Viraussetzung fir d’sozial Kohäsioun an eisem Land.