Wéi gëtt de Busverkéier an der Stad organiséiert, wann de grousse Chantier um „Hamilius“ ugeet? D’ADR Sektioun Stad wonnert sech, datt de Blo-Grénge Schäfferot dorobber nach keng Äntwert huet, obschonns d’Aarbechten a manner wéi 9 Méint sollen ufänken.

De Biergerzenter ass geplënnert. De Bureau vum renomméierten Architekt Norman Foster zeechent fläisseg um neie Geschäfts- a Wunnzenter. Gewosst ass dat déi aktuell zentral Busgare um Hamilius an deenen nächste Méint wäert verschwannen. De September d’nächst Joer, also a 9 Méint, soll et mam Chantier lassgoen.

D’ADR ass dofir déif verwonnert, wann net esou guer erféiert, iwwert dem Buergermeeschter Xavier Bettel seng Ausso op RTL (Mueresjournal, 12. Dezember): „Mir hu Rendezvous mam Här Wiseler an deenen nächsten Deeg fir zesummen ze kucke wéi mer dat ganz genau kënnen arrangéieren“. Rieds geet vun der d’Busgare vum Centre Hamilius!

Schonns ouni Chantier ass dës Busgare mat hire 6 Quaie virun der Poste oft hoffnungslos iwwerlaascht. D’Busarrêten sinn och haut iwwert de ganze Quartier verspreet an e ka virkommen datt een iwwert 100 Meter muss lafe fir op eng aner Linn ëmzeklammen!

Beim „Chantier Hamilius“, an och fir de fäerdege Projet, misst d’Organisatioun vum engem effizienten ëffentlechem Transport am Stadkär en zentraalt Uleies bei alle Planunge sinn. Hei huet de Blo-Grénge Schäfferot manifestement versot!

D’ADR Sektioun Stad verlaangt datt e kohärente Plang virläit ier mam Chantier ugefange gëtt, dëst esou wuel fir den ëffentlechen Transport wéi fir den allgemenge Verkéier (de Boulevard Royal ass nun eemol eng Haaptverkéiersachs an der Stad). Solle Buslinnen erwësch falen, oder net méi duerch den Zenter fueren, da muss dëst mat Zäit bekannt ginn.

An deem Kontext erënnert d’ADR och u seng Fuerderung, datt dën Ënnerbau vum neie Centre Hamilius esou gebaut gëtt, datt spéider eng ënnerierdesch Gare am Kader vum City-Tunnel kann ugeluecht ginn.