Pressehëllef kee Garant fir Meenungspluralismus

A senger Interventioun vum 8. Juli betount de Roy Reding, datt net de Steierzueler dofir responsabel ass, ob e Presseorgan sech iwwer Waasser hale kann oder net, mee dat dëst iwwert d’Akafsverhale vun de Bierger muss gereegelt ginn. D’Realitéit weist nämlech och, datt staatlech Pressehëllef nach laang kee Garant ass fir Meenungspluralismus. D’Majoritéit vun der Lëtzebuerger Press praktizéiert e lénksideologesche Framing an alternativ Meenunge kommen esou gutt wéi guer net zur Geltung. Den Zentrumsdeputéierten ënnersträicht, datt et awer grad d’Aufgab vun der Press ass, datt d’Aktualitéit och aus ënnerschiddleche Perspektiven duergestallt gëtt. Déi staatlech Hëllefe féieren zu enger Wettbewerbsverzerrung a stellen iwwerdeems och d’Onofhängegkeet vun der Press a Fro.

D’ADR bedauert och, datt d’Press ëmmer méi d’Roll vun engem Erzéier iwwerhëlt – eng Aufgab, déi hir net zousteet. Datt d’ADR a wichtegen Debatte vun der Press dacks guer net ernimmt gëtt, ass eng perfid Aart a Weis vun der Meenungsmaacherei a schränkt de Meenungsklima insgesamt an.

Deel dëse Post: