D’ADR Fraen hu misse mat groussem Bedaueren a Bestierzung feststellen, datt d’Mme Mischel hirt Mandat als Presidentin vun den ADR Fraen néiergeluecht huet.

Si sinn entsat iwwert déi erpresseresch Metouden, déi de Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning benotzt hunn, fir dat Zil ze erreechen.

De President an de Generalsekretär hunn hir virgefaassten Meenung an der Presse verbreed an hunn et mol net fir néideg fonnd, am Virfeld mat der Madamm Mischel Récksprooch ze halen. Déi zwee hunn den Androck ginn, datt si vun Ufank un schonn hir Decisioun geholl haten nach ir d’Exekutiv konnt iwwert déi Fro deliberéieren.

D’ADR Fraen gesinn do drann eng Messuechtung vun der Exekutiv vun der Partei.

D’ADR Fraen froen sech ewéi eng Méiglechkeeten hinnen nach bleiwen fir hir Meenungsfräiheet auszeüben an fir weiderhinn eng wäerteorientéiert Politik ze maachen.

D’ADR Fraen huelen zur Kenntniss, datt d’Madamm Mischel hir Funktiounen nëmmen temporär neiergeluecht huet an hoffen, datt si op deem nächste Frae-Kongress nees fir d‘Presidentschaft kandidéiert.

De Comité vun den ADR Fraen,
ouni hir Presidentin

 

Pressematdeelung vum 11. Dezember 2019