Pressebäihëllef: Steierreform amplaz Subsiden?

Den 19. Mee 2021 huet de Staat eng Konventioun mat Radio ARA ënnerschriwwen, an där et och ëm finanziell Ënnerstëtzung soll goen. Wann een sech den Text vun der Konventioun duerchliest, muss een sech allerdéngs wonneren. Zwar kritt de Sender eng Rei staatlech Ënnerstëtzungen zougesot, mee verflicht sech gläichzäiteg, eng Rei sougenannt sozial, kulturell an aner Krittären anzehalen. Riskéiert déi vun der Regierung sou gären zitéiert Onofhängegkeet vun der Press an deem Sënn iergendwann näischt anescht méi ze heeschen, wéi datt d’Sue just nach fléissen, wann d’Journalisten “op Linn” sinn? Eng bedenklech Entwécklung. Kéint eng geziilt Steierreform am Sënn vun de Presseorganer duerfir net vill méi effikass Ofhëllef leeschten, wéi Subsiden? De Roy Reding huet dem Här Staats- a Medieminister seng Iwwerleeungen dozou an enger parlamentarescher Fro ënnerbreet.

Deel dëse Post: