Den Haff feiert Hochzäit. Dëst ass fir all Famill en Evenement, dat mat vill Freed verbonnen ass. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei ass dowéinst verwonnert an traureg, datt dës Hochzäit vu gewësse politesche Kreese benotzt gëtt fir Stëmmung géint d’Lëtzebuerger Monarchie ze maachen. Fir d’ADR a fir eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger bleift e Grand-Duc déi beschtméiglech Manéier fir Lëtzebuerg e Staatschef ze ginn, och wa verschidden Dispositioune mussen am Kader vun der Verfassungsreform méi zäitgeméiss gestalt ginn. D’ADR wënscht dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Comtesse Stéphanie alles Guddes!

Verschidde Kritike gouf et deslescht am Zesummenhang mat der Prënzenhochzäit, déi dëse Weekend zu Lëtzebuerg stattfënnt. Nieft enger Petitioun géint d’Monarchie hunn e puer republikanesch ugehauchte Jugendorganisatiounen demonstrativ d’Invitatioun op d’Rezeptioun vum Guillaume a vum Stéphanie ofgeleent. D’ADR kann a wëllt sech dësem negativen Trend net uschléissen, ganz am Géigendeel!

D’ADR stellt fest, datt mat dësem Evenement Lëtzebuerg e positiivt a flott Bild duerch d’ganz Welt schéckt, wéi et den Interessi vun den auslännesche Medie beweist. Fir dës Ausstralung mat enger sportlecher oder kultureller Aktivitéit z’erreeche misste vill méi grouss Zomme vun ëffentlecher Hand investéiert ginn. Gëtt och géint déi nächst Etapp vum Tour de France oder dem Rock um Knuedler protestéiert, wann do de Staat an d’Stad mat finanzielle Mëttelen hëllefen?

D’ADR wëllt och, besonnesch déi Jonk, un déi grouss Meritter vun der groussherzoglecher Famill erënneren, sief et an der Vergaangenheet oder elo. Hautdesdaags maachen de Grand-Duc an de Grand-Duc héritier zum Beispill ganz vill Dieren op, wa si op offizielle Reese sinn oder Wirtschaftsmissioune begleeden. Dëst féiert ganz direkt zur Schafung vun neien Aarbechtsplazen, an dës Missioun ka kaum vun engem President op Zäit iwwerholl ginn.

Wat ass d’Alternativ? Och e President, esouguer wann en nëmme representativ Flichte géif iwwerhuelen, kascht net manner wéi e Monarch! Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, datt och a grad am heitegem Europa ëmmer nees seng Plaz a seng Souveränitéit muss verdeedegen, ass d’Monarchie, och duerch hir Kontinuitéit, de beschte Garant fir seng Zukunft. Dës Meenung vertrëtt net nëmmen d’ADR, mä och e ganz groussen Deel vun de Lëtzebuerger. Datt verschidden Dispositioune mussen am Kader vun der Verfassungsreform méi zäitgeméiss gestalt ginn ass eng Selbstverständlechkeet.

D’ADR, hir Memberen a Mandatairë wënschen der jonker Koppel alles Guddes a vill Gléck fir d’Zukunft.

Vive Lëtzebuerg! Vive de Grand-Duc! Vive déi ierfgroussherzoglech Koppel!