Politesch Table-ronden an eise Lycéeën

A senger Äntwert op eng mëndlech Fro vum Diane Adehm iwwer Walkampfaffichë vum franséische Presidentschaftskandidat Eric Zemmour an der Europaschoul zu Mamer huet de Schoulminister gesot: “Natierlech kann een iwwer politesch Bildung nëmme gutt eppes maachen, wann een och mat Politiker vun ënnerschiddleche Parteien, an domat awer och wierklech vum ganze Parteiespektrum, an och zesumme mol eppes ka maachen. Dat ass och an de Schoule Politik fir unzepaken, dat ass an de Schoulen och ganz konkret de Schüler gewisen, wat Politiker soen. Dofir wëlle mer och schonn Presenz vu Politiker an de Schoulen hunn, mee natierlech muss et politesch neutral sinn, an et muss equilibréiert sinn, net equilibréiert onbedéngt pro Veranstaltung, mee equilibréiert an der Durée, sou datt do eigentlech och all politesch Couleur méi oder manner zur Geltung kommen an domat och de politesche Spektrum de Schüler kann gewise ginn.”

Ob de Minister wuel eng Lëscht presentéiere ka mat allen Table-ronden, déi tëscht 2013 an 2021 an de Lëtzebuerger Schoulen organiséiert goufen?

Deel dëse Post: