Politesch Haftbarkeet vun der EU?

Säit Méint halen d’Virgäng ronderëm dat eemolegt Stolwierk vun der ARBED zu Diddeleng, d’Land an Otem. Ma ouni den Drock vun der EU-Kommissioun hätt dëst gutt funktionéierend Wierk ni un dee fragwürdege Konzern Liberty Steel misse verkaf ginn. Schonn am Abrëll huet de Roy Reding der Regierung duerfir d’Fro gestallt, ob si gedenkt, d’EU fir dës Feelentscheedung haftbar ze maachen. D’Regierung huet him och munches geäntwert, abee, just op déi eigentlech Fro ass se net agaangen. Mee wien hätt da bei Gambia och kënnen dorun denken, datt de Probleem doduerch net einfach géif verschwannen!?

Hannergrondinformatiounen:

Deel dëse Post: