Police: Wou bleift de Respekt virun de Beamten?!

De Policebeamten huet sécherlech keen einfachen Job. Ëmsou méi schwéier ass et nozevollzéien, datt hien, wéi et schéngt, d’Aarbecht onnëtz schwéier gemaach kritt. Kann et wierklech sinn, datt Policebeamten, déi z.B. onbedéngt e Laptop brauchen, fir hirer Aarbecht kënnen nozegoen, dësen aus hirer Kaffiskeess bezuele mussen? A wéi kann et sinn, datt d’Demande vun engem Policeservice, fir eng einfach Imprimante ze kréien, iwwert Méint vun der zoustänneger Verwaltung onbeäntwert bleift? De Fernand Kartheiser a Fred Keup ginn an enger parlamentarescher Fro enger Rei Mëssstänn op de Fong.

Deel dëse Post: