Planzeschutz- an Düngemëttel: Mir fuerderen eng objektiv Diskussioun!

Rezent huet d’Verwaltungsgeriicht d’Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung, de Glyphosat ze verbidden, fir ongülteg erkläert. An der Landwirtschaft an am Wäibau duerften d’Acteure jo scho säit 2021 kee Glyphosat méi notzen. 

Am Kader vun der Debatt ëm de Glyphosat ass et grad elo wichteg, déi néideg Objektivitéit spillen ze loossen. An éischter Linn wier et ubruecht, de Baueren eemol dat néideg Gehéier ze schenken. Grondsätzlech herrscht net nëmmen an der Zivilgesellschaft, mee och bei de Bauere selwer de Konsens, esou wéineg Planzeschutzmëttel wéi néideg anzesetzen – awer eben och sou vill, wéi néideg. Déi landwirtschaftlech Vertrieder sinn nämlech vun haut op muer mat engem komplette Verbuet vum Glyphosat konfrontéiert ginn, ouni datt si eng Alternativ ugebuede kruten. Dëst huet fir eis Bauere sëllege Problemer mat sech bruecht, ë.a., datt si zum Deel erëm méi ploue mussen an iwwerdeems stellen sech och Problemer bei der Buedemerosioun.

En eesäitegt Fokusséieren op déi biologesch Landwirtschaft kann an deem Kontext net déi ganz Léisung sinn. Natierlech sollen eis Baueren de fräie Choix hunn, ob si hir Landwirtschaft biologesch oder konventionell bedreiwe wëllen. Et muss een allerdéngs wëssen, datt déi biologesch Landwirtschaft méi Fläche brauch, fir manner Ertrag ze geréieren, ewéi déi konventionell Landwirtschaft. Grad am Kader vun de rezenten Diskussiounen ëm d’Liewensmëttelprekaritéit am Hibléck op de Krich an der Ukrain muss eist Land awer e verlässlechen Acteur sinn, fir méiglechst vill Liewensmëttel, déi vun enger héijer Qualitéit sinn, hei am Land ze produzéieren. Iwwerdeems däerf een och d’Biolandwirtschaft net eesäiteg ideologesch idealiséieren. Et ass gewosst, datt och déi biologesch Landwirtschaft op Planzeschutz- an Düngemëttel zeréckgräift – haaptsächlech op Basis vu Koffer- a Schwiefelprodukter. 

Et däerf nämlech net sinn, datt de Glyphosat eesäiteg diaboliséiert gëtt, wa mir op där anerer Säit wëssen, datt Koffer- a Schwiefelprodukter sech a Form vu Schwéiermetaller an de Liewensmëttel festsetzen. Bei der Diskussioun ëm de Glyphosat gëtt vill vum Vorsorgeprinzip geschwat. Gutt sou! Mir fuerderen allerdéngs dee selwechte Vorsorgeprinzip, wann et ëm Planzeschutz- an Düngemëttel op Basis vu Schwéiermetaller geet.

D’ADR fuerdert eng op Fakte baséiert vernënfteg Diskussioun ëm d’Zouloossen an de Verbuet vu Planzeschutzmëttel, déi esouwuel dem Vorsorgeprinzip Rechnung dréit, ewéi och der Iwwerzeegung, datt eist Land prioritär dofir verantwortlech ass, d’Ernierungssécherheet vu senger Bevëlkerung zum groussen Deel aus den eegene Ressourcen ze garantéieren.

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: