[BEÄNTWERT] Plafonnement de l’index (sécurité sociale)

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheets- a Sozialversécherungsminister weiderzeleeden.

Am Kader vun der aktueller Diskussioun iwwert e gedeckelten Index schéngt et mir wichteg ze sinn, fir dës Diskussioun kënnen objektiv ze féieren, datt een dofir eng  Rei vun zousätzlechen Informatioune brauch.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Cotisatioune géifen  op ee Joer duerch de gedeckelten Index (2 Mol de soziale Mindestloun) bei der Pensiounskeess, bei der Gesondheetskeess a bei der Fleegeversécherung manner erakommen?
  2. Wéi vill Cotisatioune géifen  op ee Joer duerch de gedeckelten Index (3 Mol de soziale Mindestloun) bei der Pensiounskeess, bei der Gesondheetskeess a bei der Fleegeversécherung manner erakommen?
  3. Wéi vill géif bei de Leeschtungen op ee Joer duerch de gedeckelten Index (2 Mol de soziale Mindestloun) bei der Pensiounskeess, bei der Gesondheetskeess a bei der Fleegeversécherung agespuert ginn?
  4. Wéi vill géif bei de Leeschtungen op ee Joer duerch de gedeckelten Index (3 Mol de soziale Mindestloun) bei der Pensiounskeess, bei der Gesondheetskeess a bei der Fleegeversécherung agespuert ginn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Sécurité sociale

Deel dëse Post: