Péiteng: d’Budgetsried vum Gemengeconseiller Joe Thein

E Méindeg, de 16. Dezember 2013, huet de Gemengeconseiller Joe Thein dës Ried zum Budget vun der Gemeng Péiteng gehalen.

Här Buergermeeschter,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Wéi all Joers am Dezember, diskutéiere mir iwwert eise Gemengebudget. Et ass dat de spannendsten an interessanadre Moment vum Legislaturjoer, well hei Constat, Réckbléck an Zukunftsperspektiv iwwert d’Koalitiounspolitik vun der CSV an LSAP gezu gëtt. Et ass dëst den drëtte Budget zanter de leschte Gemengerotswalen, deen d’ADR kritesch analyséiert, kommentéiert a mat diskutéiert. E Budget ass fir eng Gemeng liewenswichteg, e muss gutt iwwerluecht, equilibréiert a gutt strukturéiert sinn. De Winston Churchill sot, Politics is not a game. It is an earnest business.

Am Numm vun der ADR soen ech alle Servicer an Zesummenaarbecht mam Schäfferot, Villmools Merci fir den ausgeschafften Budget, dee fir eng vun de gréisste Gemengen am Lëtzebuerger Land, dach awer keen einfachen Job ass.

Dir Dammen an dir Hären,

Fir d’ADR ass de presentéierte Budget allerdéngs en ongerechten an onkomplette Budget. Ech wëll mech dëst Joer a menger Ried op e puer konkret politesch Punkten konzentréieren, well ech der Meenung sinn, datt ganz vill Question Communalen, prises de positionen am Gemengerot, an d’Bewäertung vum Plan Pluriannuell 2012-2017 scho sou zimlech genau d’Positioun vun der ADR zu där Finanzpolitik markéiert hunn.

Mir appreciéieren et doudsécher datt de Minus mat de Joren kontinuéierlech erofgaangen ass, an d’Recetten deels équilibréiert zu den Dépense stinn, mä mir bieden d’CSV awer kathoulesch ze bleiwen, an hire Scholdebudget (vun 16,24 Milliounen €) net schéin ze schwätzen, sech och e bëssen, an hirem Recettenoptimismus ze bremsen. D’Gemengefinanzen, déi no der Fassong vun der Nomenclature opgestallt sinn, sollt d’Gemeng iwwrëgens och an Zukunft ëmmer an Zesummenaarbecht mat der Cours des Comptes engem Kontrollprozess ennerzéien, fir de Budget analytesch ze optimiséieren. Nieft de Gemengefinanzen, sinn et awer besonnesch déi politesch Defiziter, déi et an der Gemeng Péiteng ginn.

1.    D’Lëtzebuerger Sprooch

D’ADR hätt sech gewënscht, datt de Schäfferot an hirer Budgetspresentatioun méi wéi just ganzer 7 Zeilen fir d’Kapitel „Kultur, Tourismus, Festivitéiten, Relations publiques, Jumelagen, Economie, Regionales an Integratioun“ verfaasst hätt, an an déi politesch Wäertschätzung vun eiser Sprooch investéiert hätt. Schonns beim Plan pluriannuell huet ee gemierkt, datt Sprooch fir dës CSV-LSAP Koalitioun eng Niewesächlechkeet ass – d’Lëtzebuerger Sprooch gëtt ignoréiert, diskriminéiert an diskreditéiert.

D’ADR hätt gären, datt e Programm ausgeschafft gëtt mat konkreten Iddien, wéi een d’Gemeng Péiteng „verlëtzebuergesche“ kann, dat ganz einfach aus gesondem Nationalstolz, mä dat awer och ganz besonnesch, fir d’Integratioun vun den Auslännerleit. D’Gemengen kënnen a sollen eng wichteg Roll an dem nationale Prozess spillen an e ganz wäertvolle Bäitrag zu enger erfollegräicher Integratioun leeschten. D’Investitioun an dësem Kapitel hätt misse vill méi wäit elaboréiert ginn.

a)    Et muss doran investéiert ginn, déi franséisch Nimm vun den Stroossen- an Uertschaftsschëlter, souwéi de Gemengegebaier, duerch déi lëtzebuergesch Nimm ze remplacéieren.

b)    Et muss doran investéiert ginn, sämtlech Gemengepublikatiounen, Invitatiounen, Informatiounen a virun allem och d‘Internetsäit a lëtzebuergescher Versioun un ze bidden.

c)    Et muss doran investéiert ginn, d’Lëtzebuerger Sproochecoursen méi professionell a lukrativ ze reforméieren, an dëse Service gratis z’offréieren. Déi Propose gouf zwar schonns refuséiert, mä et schued awer näischt, et nach emol an Erënnerung ze ruffen.

2.    Sozialberäich

D’ADR ass décidéiert dogéint, datt Taxenerhéijungen, egal wéi eng et sinn, gemeet ginn, fir speziell Investitiounen ze finanzéieren oder kommend Scholden ze decken. An eisem politesche Verstand, ass eng Steiererhéijung, den allerleschte Moyen, deen als Regulateur spille soll. Eng Taxenupassung bedeit an eisen Aen, keng Erhéijung. D’Gemeng soll verschidden Investitiounen fir d’éischt iwwerdenken (wéi z.B déi onnëtz a geldverschwenderesch Skulptur vu 65.000 €), ier se sozial ongerecht gëtt. D’ADR wäert och Iwwerleeungen zur Augmentatioun vum Waasserpräis, der Offalltax, der Parking- a Vignettentax oder Ähnlechem, net ënnerstëtzen. Den Ottonormalbierger bezilt scho vill an deier genuch a soll säin Alldag sou steiergënschteg erliewen, ewéi méiglech. Leider huet eis de Schäfferot och net analyséiert, wat fir eng méiglech d’Repercussioun op d’Gemeng stattfënnt, no der Decisioun vun der neier Lénksregierung, t’TVA ëm 2% erop ze setzen.

D’ADR hätt sech gewënscht, datt de Schäfferot och eng sënnvoll sozial Investitioun mat eisem Budget gemeet hätt, nämlech en Considératioun vum Waasserverbrauch an domat der Aféierung vun engem gratis Waassersockel mat Gratis-Recht op 30 Fudder Waasser. Och déi Iddi gouf net zeréck behalen, mä ech ech erënneren ëmmer nees gären un dat soziaalt Gewëssen.

3.    Divers

Dann hunn ech nach e puer Punkten, déi ech ënnert dem Titel “Divers” opgelëscht hunn. De Schäfferot huet eis an senger Erklärung matgedeelt, fir an der Gemeng elo fir 50.000 € och 30er Zonen an ze féieren. Och dës Iddi wëlle mir net ënnerstëtzen, well et eng falsch Investitioun an d’Verkéiersproblematik ass, an eng zousätzlech Belaaschtung provozéiert.

De Schäfferot huet vun enger Progressioun vun der Populatioun vun 14,8% vum Januar 2007 bis Dezember 2012 geschwat, woumat de Quorum vun 15% praktesch areecht ass. Dës tendenziell steigend Variatioun dréckt sech an Zuele konkret aus, nämlech e Plus vun 2.015 Leit op 17.032. Dës Augmentatioun wäert och säin Impakt am Budget spillen. D’ADR géif sech wënschen, datt d’Gemeng net oniwwerluecht progresséiert, an sech de Käschten a méigleche sozialen Erausfuerderunge bewosst gëtt. D’Gemeng muss sech der Globaliséierung an der Immigratioun mat Limite stellen, fir d’Kapazitéiten vun der Gemeng net ze sprengen.

De Schäfferot huet eis seng Investitiounen am Beräich vun engem anere wichtege Sujet, der Sécherheet, och net definéiert. Kriminalitéit, Verkéiersdelikter an Drogenhandel sinn awer och Alldag an der Gemeng Péiteng, sou datt d’ADR mengt, datt punkto Sécherheet nach eng ganz Rei Mesuren realiséiert musse ginn. Mir denken hei besonnesch un d’Aktivitéit vun der Police, der Aféierung vun engem Streetworker, u gutt fonktionnéirend „Comissariats de proximitéen“an wéi hei schon erwähnt gouf, d’Kompetenzerweiderung vun de Pecherten.

Als Conclusioun bleift ze soen, datt mir d’Finanzpolitik an all politesch Entscheedungen weider wäerte suivéieren, an dem Schäffen- a Gemengerot eise volle Support bei positiven Initiativen wäerte ginn, awer genau esou konsequent géint dat stëmmen, wat géint d’Interessien vun der Gemeng, de Lëtzebuerger an dem Aarbechter ass. Bleift nach ze soen, datt d’ADR, besonnesch mat Réckbléck op hire Gemengewalprogramm, dëse Budget net stëmmt.

Deel dëse Post: