Pech a Pannen

De Projet vum Militärfliger A400M steet ënnert kengem gudde Stär, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 10. Juli. Et weess een net mol, ob de Fliger iwwerhaapt fir militäresch Zwecker asetzbar ass a wat seng genee Capacitéite sinn. Am Kader vun de Militärdepense muss Lëtzebuerg sech froen, wat fir eng Verdeedegungspolitik mir an Zukunft wëllen. D’ADR plädéiert, wat d’Depense fir militäresch Zwecker ugeet, datt dës Decisiounen op nationalem Niveau getraff musse ginn. Den ADR-Deputéierten huet dann och déi Gréng schaarf kritiséiert, déi als Friddenspartei ugetruede sinn a elo ënnerhalb vun 2 Minutten e gewaltege Militärbudget vun Honnerte Milliounen Euro matgestëmmt hunn. D’ADR wiert sech strikt dergéint, datt an Zukunft iwwert déi national Verdeedegungspolitik per Majoritéitsdecisioun  an Europa entscheet gëtt.

Deel dëse Post: