Parlamentspresident Fernand Etgen refuséiert parlamentaresch Fro

Et ass dat héchsten an honorabelst politesch Amt zu Lëtzebuerg, gläich nom Groussherzog: Dat vum Chamberspresident, dem ieweschte Volleksvertrieder an éischte Bierger vum Land. Ënnert dem aktuelle President Fernand Etgen, erleit dës wichteg Institutioun awer ëmmer méi Schued duerch d’Persoun, déi se besetzt. Den Här Etgen, Member vun der DP a fréiere Landwirtschaftsminister ënnert dem Xavier Bettel mëssbraucht säin Amt ëmmer méi fir als éischte Vertrieder vun der Regierung vis-à-vis vum Vollek ze agéieren, andeems hien Oppositiounsdeputéierte systematesch Knëppelen tëschent d’Bee gehäit. Scho säit Méint gëtt d’Drénglechkeet vu parlamentaresche Froe vun der ADR automatesch oferkannt. Nodeems datt de Fernand Kartheiser an de Fred Keup da lo eng Fro zu der Atomkraaft wollte stellen, déi sech virun allem fir déi Gréng als onangeneem kéint erweisen, huet den Här Etgen dës einfach als “irrecevabel” deklaréiert. Wëllkomm an der Demokratie zu Lëtzebuerg 2022…

Deel dëse Post: