[PARLAMENTARESCH FRO] Sécurité dans les transports en commun

Madame Presidentin,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Force publique an den Här Transportminister weiderzeleeden.

Viru kuerzem ass et an engem Bus vum TICE zu engem uergen Tëschefall komm: e Passagéier hat de Kontroller ugegraff. Duerch dës Attack gouf de Kontroller verletzt an en huet misse krank geschriwwe ginn. Wéi dunn de Kontroller de Virfall bei der Police iwwert den 113 gemellt huet, soll en als Äntwert kritt hunn: „Dir gitt mer déck op de Sak“ !

An dësem Kontext erlaben ech mer dem Här Minister vun der Force publique an dem Här Transportminister dës Froen ze stellen:

  1. Ass d’Äntwert vum 113 un de Kontroller korrekt vun der Press rapportéiert ginn?
  2. Wéi ginn d’Beamte selektionnéiert fir am Service 113 agesat ze ginn? Wéi eng speziell Ausbildung hunn d’Polizisten, déi d’Zentral vum 113 bedéngen, fir korrekt an hëllefsbereet op d’Uriff ze äntweren, besonnesch wou hir Gespréichspartner oft aus enger schwiereger Situatioun eraus dësen Déngscht uruffen? Gëtt et fir dëse Service eng besonnesch Formation continue?
  3. D’Chauffeuren an d’Kontrolleren aus dem ëffentlechen Transport, ob CFL, AVL, TICE oder RGTR, ginn ëmmer méi oft mat Gewalttätege konfrontéiert, a missten dowéinst och spezielle Schutz duerch d’Police genéissen. Gëtt et speziell Prozeduren, z.B. fir e séiert Agräife vun der Police an esou Fäll ze garantéieren? Wa jo, wéi gesinn dës Prozeduren aus? Wann neen, gesäit d’Regierung vir, esou Prozeduren anzeféieren?
  4. Méi allgemeng, wat sinn d’Pläng vun der neier Regierung fir d’Sécherheet am ëffentlechen Transport ze verbesseren an op wéi enger Zäitschinn sollen dës Pläng ëmgesat ginn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: