[BEÄNTWERT] Rapatriement en jet privé

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Immigratioun weiderzeleeden.

An der Press konnt een deslescht liesen, datt e marrokanesche Bierger, dee keng Pabeieren hat, mat engem Privatfliger a säi Land zréckgeféiert gouf. Dee Mann wier scho méi wéi eng Kéier de Lëtzebuerger Autoritéiten entwëscht an dofir wier och dës erstaunlech Mesure geholl ginn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister fir Immigratioun dës Froe stellen:

1)      Wéi ass d’Virgeschicht an dësem Fall?

2)      Wéi héich war de Käschtepunkt vun der Réckféierung am Privatfliger?

3)      Wie war am Fliger mat dobäi? Wéi vill Poliziste ware bedeelegt? Wat fir eng a wéi vill Observateure waren am Fliger? Waren och Vertrieder vum Immigratiounsministère am Fliger?

4)      Denkt d’Regierung u legislativ oder reglementaresch Aennerungenn fir an Zukunft aanescht mat esou Fäll ëmzegoen?

5)      Gouf et am Laf vun de leschte Joren ähnlech Fäll vu Réckféierungen an engem Privatfliger?

6)      Wat gesäit d’Gesetzgebung vir am Fall, wou een ausgewise gouf an trotzdem zréck op Lëtzebuerg kënnt? Wann et sou Dispositioune gëtt, fir wéi en Zäitraum no enger Expulsioun gëllen se? Gëtt et  penal Dispositiounen, wa Leit zréckkommen, déi dozou kee Recht hunn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Nicolas Schmit, Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Immigration

Deel dëse Post: