[PARLAMENTARESCH FRO] Pollution générée l’aciérie à Belval

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ëmweltministesch weiderzeleeden.

Der Biergerinitiativ „Stop Dioxin“ no ginn am Elektrostolwierk vun ArcelorMittal um Site Belval permanent d’Grenzwäerter vu Kuelemonoxid an Kuelestoff iwwerschratt. Dëst géif eng Belaaschtung net nëmme fir d’Ëmwelt, mä och fir de Mënsch duerstellen.

An deem Kontext wéilt ech der Madame Ëmweltministesch dës Froe stellen.

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune konfirméieren?
  2. Wat fir eng Limiten an Normen sinn an der Commodo/Incommodo-Prozedur festgeluecht ginn?
  3. Wie kontrolléiert, datt d’Grenzwäerter respektéiert ginn? Wéi dacks ginn dës Kontrollen duerchgeféiert?
  4. Ginn d’Resultater vun deene Kontrollen ëmmer public gemaach? Wann neen, wier d’Madame Ëmweltministesch bereet, dës Resultater am Sënn vun enger méi grousser Transparenz ze publizéieren?
  5. Wat fir eng Moossname gedenkt d’Madame Ëmweltministesch ze treffen, falls d’Grenzwäerter net respektéiert goufen?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: