[PARLAMENTARESCH FRO] “Mission économique” a China

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Vum 16. bis de 20. Dezember 2013 waren den Här Wirtschaftsminister an d’Madame Staatssekretärin fir Wirtschaft op enger „mission économique“ a China. An zwee Communiquéen huet de Ministère matgedeelt, wat fir eng Aktivitéiten d’Lëtzebuerger Delegatioun während där Visite hat. An enger vun deene Matdeelunge geet ënnert anerem iwwert eng Entrevue mam CEO vun der Firma Impro, déi sech fir Lëtzebuerg als Quartier général fir den europäesche Marché entscheet huet, rieds.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

  1. Stëmmt et, datt eng Besichtegung vun där Entreprise virgesi war? Wa jo, wéini an ëm wat fir eng Auerzäit?
  2. Stëmmt et, datt d’Lëtzebuerger Delegatioun dës Visite kuerzfristeg ofgesot huet? Wa jo, aus wat fir enge Grënn?
  3. Stëmmt et, datt – als Ersatz fir déi ofgesote Besichtegung – de CEO vun der Firma Impro op de Muereskaffi am Hotel ageluede gouf?
  4. Ass den Här Minister net der Meenung, datt dat kuerzfristegt Ofsoe vun enger Visite, déi laang preparéiert war, negativ Konsequenzen huet fir den Image an d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg?
  5. Hunn den Här Minister an d’Madame Staatssekretärin déi Zäit, déi doduercher fräi ginn ass, genotzt, fir aner wirtschaftlech Kontakter ze fleegen? Wa jo, wat fir eng? Wann neen, stëmmt dat, wat haut an enger Lëtzebuerger Wochenzeitung steet, dat heescht, datt den Här Minister an d’Madame Staatssekretärin déi Zäit am Wellness-Beräich vum Hotel verbruecht hunn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: