[PARLAMENTARESCH FRO] Informatiounsaustausch fir Zënserträg

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Virun 8 Méint huet déi viregt Regierung ugekënnegt, datt Lëtzebuerg géif vum 1. Januar 2015 un den automateschen Informatiounsaustausch fir Zënserträg vun EU-Bierger aféieren.

An hirem Regierungsprogramm huet déi aktuell Regierung festgehalen:

„Le Luxembourg a démontré sa volonté de poursuivre une politique au niveau de la place financière se conformant aux règles internationales notamment en matière de l’échange automatique d’informations sur les revenus couverts par le champ d’application de la directive sur l’épargne de 2003. En particulier, en matière de transparence et d’échanges de renseignements à des fins fiscales, le Gouvernement participera activement aux travaux dans le cadre de l’Union européenne et à l’OCDE visant à développer le standard international en cette matière mais toute extension du champ d’application de l’échange automatique d’informations devra se faire dans des modalités et selon un calendrier assurant au secteur financier sa stabilité et sa compétitivité internationale“.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Finanzminister dës Froe stellen:

1. Huet och déi nei Regierung wëlles, vum 1. Januar 2015 un den automateschen Informatiounsaustausch fir Zënserträg vun EU-Bierger aféieren?

2. Ass d’Steierverwaltung, notamment wat d’Informatikprogrammer ugeet, schonns op dëse Paradigmewiessel virbereet?

3. Wéi vill Prozent vun den Avoiren, déi vu Privatbanke geréiert ginn, gehéiere Clienten, déi vum automateschen Informatiounsaustausch wäerte betraff sinn?

4. Wéi ass d’Evolutioun vun deenen Avoiren tëscht Abrëll an Dezember 2013?

5. Wat fir eng Konsequenze wäert den automateschen Informatiounsaustausch op d’Evolutioun vun deenen Avoiren hunn?

6. Wéi vill Aarbechtsplaze goufen 2013 am Bankesecteur ofgeschaf?

7. Wat fir eng Konsequenze wäert den automateschen Informatiounsaustausch op d’Aarbechtsplazen am Bankesecteur hunn?

8. Wat fir eng Konsequenze wäert den automateschen Informatiounsaustausch op de Staatsbudget hunn?

9. Wéi ass d’Positioun vun der Regierung zu enger méiglecher Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektiv?

10. Firwat huet déi nei Regierung d’Lëtzebuerger Positioun opginn, datt virun enger Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektiv fir d’éischt en Accord mat Drëttstaaten (Monaco, Schwäiz, …) misst zoustane komm sinn?

11. Op wat fir enge Produite wäert d’Erweiderung stattfannen? Wäerten och Erträg aus Investmentfonge betraff sinn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser
Deputéierten

Deel dëse Post: