[PARLAMENTARESCH FRO] Feu couvant dans la déchetterie du SIDEC

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no war um SIDEC am Mount September e Schwelbrand. Dat war festzestellen duerch eng Dampentwécklung an duerch e Brandgeroch.

An dësem Kontext géif ech gären dës Froen un d’Häre Minister riichten:

  1. Kënnen d’Häre Minister dës Informatioune konfirméieren?
  2. Sinn nom leschte Schwelbrand am Dezember 2010 nach weider Schwelbränd festgestallt ginn?
  3. Ass no dësem Schwelbrand eng Kontroll vun der Tëschenofdichtung gemaach ginn? Wa jo, wéi sinn hei d’Resultater? Wann neen, wat fir Garantië resp. Kontrolle ginn da gemaach fir dem Gesetz resp. dem Schutz vun eiser Natur gerecht ze ginn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: