[Parlamentaresch Fro]: Drohnen géint d’Privatsphär

De Gast Gibéryen huet direkt op eng Reportage iwwer Iwwerwaachungsdrohnen, déi der Cour des Comptes européenne oresentéiert goufen, reagéiert an eng parlamentaresch Fro gestallt. Gedroe gëtt déi vum Deputéierte senger Suerg iwwer d’Privatsphär vum Bierger.
En Donneschdeg, de 4. Dezember, war op RTL eng Reportage ze gesinn iwwer Drohnen vun enger Metzer Firma, déi der Cour des Comptes européenne presentéiert goufen. E Fonctionnaire huet sech positiv iwwer d’Kontrollméiglechkeeten geäussert, déi esou Apparater der Cour des Comptes géingen offréieren. Tatsächlech kënnen d’Mini-Fliger mat enger Kamera an engem Dag 500 Hektar iwwerfléien an eng genau dräidimensional Kaart vun de Gebaier an de Béischter op deem Terrain maachen. An der Reportage ass explizit drop higewise ginn, dass esou kéinten Subventiounen u Baueren iwwerpréift ginn.
Ech wollt elo am Intressi vum Schutz vun der Privatsphäre vun eise Bierger folgend Froen un den Här Premierminister, den Här Finanzminister an den Här Bannenminister stellen:
1) Ass d’Regierung a Kenntnis, datt d’Cour des Comptes européennes Iwwerleeungen ustellt fir iwwert de Wee vun Drohnen Privatterrainen ze kontrolléieren am Zesummenhang mat EU-Subventiounen?
2) Wie kontrolléiert, op esou Investitiounen konform sinn mat europäeschen a nationalen Texter iwwer Dateschutz a Schutz vun der Privatsphär?
3) Kann den Asaz vun Drohnen net als schwéieren Agrëff an d’Privatsphär ugesinn ginn?
4) Ass d’Regierung der Meenung, dass esou eng scho bal militäresch Technologie sollt fir d’Iwwerwaachung vu Privatterrainen a Privathaiser agesat ginn?
5) An der Hypothees vun engem Kaf vun esou Drohnen duerch d’Cour des Comptes, misst dës eng Autorisatioun fir hieren Asaz beim Lëtzebuerger Staat ufroen a géif d’Lëtzebuerger Regierung déi accordéieren an ënner wat fir enge Conditiounen?
6) Verstoussen, an den Aen vun der Regierung, déi nei Méiglechkeeten vun der Drohneniwerwaachung respektiv –kontroll nët géint den Artikel 11 vun eiser Verfassung?
7) Gët ët zu Lëtzebuerg eng Gesetzgebung, déi Drohnen-Asäz am Respekt vun eiser Constitutioun reglementéiert? Wa neen, wëllt d’Regierung hei eng gesetzlech Basis schaafen?

Deel dëse Post: