[BEÄNTWERT] Coûts de l’assistance judiciaire

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Justizministesch weiderzeleeden.

De 16. Abrëll 2013 hat ech eng parlamentaresch Fro zu den Affekotefraisen am Kader vun der Assistance judiciaire gestallt (N°2664). D’Madame Justizministesch huet an hirer Äntwert präziséiert, datt fir d’Period vum 1. Abrëll 2012 bis den 1. Abrëll 2013 net manner wéi 1.156.708,11 Euro fir d’Assistance judiciaire am Beräich vum Auslännerrecht ausbezuelt goufen. D’Madame Ministesch huet och confirméiert, datt verschidden Affekotenetuden sech op d’Auslännerfroe spezialiséiert hunn a méi wéi 10% vun den Indemnitéite fir d’Assistance judiciaire an Auslännerfroe kréien. 

An deem Kontext wéilt ech der Madame Justizministesch dës Fro stellen:

Wéi vill Etuden hu wéi vill Prozent vun deenen 1.156.708,11 Euro kritt?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Justice

Deel dëse Post: