Parkméiglechkeete fir Fleegepersonal

D’Betreiung vu Mënschen, déi doheem op eng medezinesch Versuergung ugewise sinn, gëtt de Fleegedéngschter wéi „Hëllef Doheem“ duerch de Manktem u fräie Parkplaze besonnesch a gréisseren Uertschafte mat vill Verkéier erschwéiert. Doduerch kommen d‘Fleegedéngschter manner séier zu hire Patienten. Op déi Aart a Weis gëtt hir Aarbecht onnéideg beanträchtegt a vill wäertvoll Zäit geet verluer. Déi pünktlech Versuergung vu kranke Mënsche mat oft liewenswichtege Medikamenter gëtt doduerch a Gefor bruecht. Huet d’Regierung vir, eppes géint dëse Problem ze ënnerhuelen?

 

Deel dëse Post: