Pandemie an USA a Frankräich eriwwer, an zu Lëtzebuerg?

Wat de Covid-19 ugeet, huet den US-President Joe Biden virun e puer Deeg ugekënnegt datt et an den USA keng Pandemie méi gëtt. Och de franséische President Emmanuel Macron hat schonn Enn August offiziell annoncéiert datt am Hexagone d’Pandemie eriwwer an ee mam Virus liewe misst. Och hei am Land sinn d’Covid-Fäll op engem nidderege Niveau dofir d’Fro un d’Regierung ob et net un der Zäit ass fir d’Enn vun der Pandemie och hei zu Lëtzebuerg anzelauden.

Fro 

A Saache Coronavirus sot den amerikanesche President Joe Biden, ganz rezent, datt d’Pandemie eriwwer ass, dat an engem Interview mat der Chaîne „CBS“. Schonn Enn August hat de franséische President Emmanuel Macron offiziell erklärt datt d’Pandemie a Frankräich eriwwer ass.

An dësem Kontext géif ech gären der Regierung folgend Froe stellen:

  1. Wéi steet d’Regierung zu dësen Aussoen vun deenen zwee Presidenten?
  2. Vu datt d’Fäll vu Covid-Erkrankungen, och hei am Land, op engem niddrege Niveau sinn, wär et net opportun fir ze declaréieren, datt d’Pandemie eriwwer ass, fir mam Virus ze liewen an eens ze ginn?

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen

Deputéierten

 

 

Deel dëse Post: