Oppene Bréif un RTL

Här Chefredakter,

mat dësem Bréif wollte mir op e Kommentar vun der Madamm Claude Zeimetz vum 25. Mäerz 2021 op Ärer Antenn zeréck kommen. Mat e bëssche Recul gesäit een d’Saachen dacks méi kloer.

Wéi Dir wësst, ass d’ADR eng Partei, déi sech vehement fir d’Fräiheet vun der Press asetzt. Och wann d’ADR scho méi dacks op RTL negativ duergestallt gouf, wëlle mir hei absolut net dat Recht vun der Press an Zweiwel zéien, fir kritesch Kommentare géintiwwer der ADR ze maachen. Kritik ass an enger Demokratie, a besonnesch an der Politik, wäertvoll an onverzichtbar. Nach besser a sënnvoll wär si allerdéngs, wann si och begrënnt wär.

Dir kennt wéi mir déi wichteg, jo bal dominant Positioun, déi RTL an der Lëtzebuerger Medielandschaft huet. Aus dëser Positioun entsteet mat Sécherheet eng gewësse Muecht, awer natierlech och eng ganz besonnesch Verantwortung fir d’Qualitéit an d’Objektivitéit vun der journalistescher Aarbecht.

Och dowéinst hu mir eis als ADR am Laf vun deene leschte Jore méi wéi eemol iwwert dat misse wonneren, wat eis op RTL alles virgeworf gouf.

Nee, mir hunn – weder 2018 nach jeemools virdrun – Walplakater vun anere Parteien zerstéiert oder beschmiert. Richteg ass, datt och ëmmer nees Walplakater vun der ADR verbrannt, erof gerappt, ëmgestouss oder op eng aner Manéier zerstéiert goufen. Mir hunn et ëmmer verurteelt, wa Walplakater vun anere Parteien zerstéiert goufen, a wa mir gesinn hunn, datt Plakater vun anere Parteien ëmgestouss goufen, ware mir bei deenen Éischten, déi si nees mat opgeriicht hunn.

Nee, mir hunn 2019 keng Plakater géint déi illegal Immigratioun mat Absicht ënnert d’Plakater vun der Madamm Semedo gehaangen. Mir hunn eis ni anescht mat hir ausernee gesat, wéi op Basis vun eise politesch ënnerschiddleche Meenungen, deemools an der Europapolitik. Der ADR eppes anescht ze ënnerstellen, war bëlleg a falsch. Bis haut ass net kloer, wéi ee Plakat vun deenen zwee als éischt do houng a wéi eent als zweet. Dat ass och an der Saach net wichteg, well d’ADR ni en inhaltlechen Zesummenhank tëschent deene Plakater gesinn huet. Verschidde Journaliste wollten do en Zesummenhank konstruéieren, mir net.

An hirem Kommentar vum 25. Mäerz 2021 seet d’Madamm Zeimetz, e gewielte Volleksvertrieder misst sech fir eng sachlech a faktebaséiert Diskussiounskultur asetzen, dat am Zesummenhang vun der Diskussioun iwwert déi Kommentaren, déi d’Madamm Zuccoli dozou geféiert hunn, Plainte géint d’Auteure vu verschiddene Facebook-Kommentaren ze maachen. Do kënne mir der Madamm Zeimetz nëmme Recht ginn. Si seet da weider: “Déi selwecht Verantwortung dréit d’Press iwwregens och.”

Dowéinst ware mir verwonnert, wou mir d’Kommentaren um Facebook-Profil vun RTL Lëtzebuerg gelies hunn. Wann d’Press dann och soll “Hatespeech am Kär erstécken” an dofir “déi selwecht Verantwortung” dréit, ass et dach verwonnerlech, e Kommentar op RTL Lëtzebuerg ze liesen, wéi z.B.  deen hei:

Et soll en net vergiessen dass de Fred Keup eng aggressiv Klaepperequipe huet, eng Art Sturmabteilung wou och veruerteelt Maerder, Gewaltverbriechere a Vergewalteger dobei sin. Den Turnup Tun huet Nationalfeierdag misse vun der Police geschuetzt gin. D’Gewalt ass net nemme verbal. » (Auteur: Rudi Gessner).

Mir huelen un, Här Chefredakter, datt Iech genee esou wéi eis, d’Absurditéit vun deene Behaaptunge bewosst ass. Mir kënnen eis net virstellen, datt RTL Lëtzebuerg esou Kommentaren approuvéiert an et guttheescht, datt en Deputéierten op esou eng infam a verluge Manéier oppe mat Nazimethoden a Verbindung bruecht gëtt. Huet RTL, huet d’Press dann net “déi selwecht Verantwortung” wéi mir an Anerer, fir ze probéieren, esou Kommentaren erof ze huelen an “Hatespeech am Kär (ze) erstécken”? Vläicht gouf et iwwersinn? Sou eppes kann natierlech jidderengem geschéien, eis natierlech leider och.

Déi politesch Parteien an d’Press droen allen zwee eng héich Verantwortung fir eist Land. Mir si sécher, datt eescht a kontinuéierlech Ustrengunge vu ville Säiten néideg sinn, fir d’Debattekultur hei am Land ze verbesseren. Als ADR schaffe mir permanent mat, fir dat héicht Zil ze erreechen. Dat hu mir ëmmer gemaach a mir maachen dat och an Zukunft. Mir zielen drop, datt och d’Press hiren Deel vun där “selwechter Verantwortung” fir eng faktebaséiert politesch Debattekultur iwwerhëlt.

 

Oppene Bréif un RTL, ënnerzeechent vum Parteipresident Jean Schoos a vum Fraktiounspresident Fernand Kartheiser

Deel dëse Post: