D’Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR-Fraen, war e Méindeg, den 22. Mäerz, Gaascht op RTL an 100,7 fir d’Parteien-Tribune-Libre. D’Sylvie huet kuerz a bündeg erkläert, wéi d’ADR sech Familljepolitik virstellt: eng Politik fir d’Famill a fir d’Kanner, wou d’Elteren de Choix hunn, op se béid wëlle schaffe goen oder op ee bei de Kanner bleiwt fir se opwuessen ze loossen. Aanescht wéi Gambia, déi eng Zwouklassegesellschaft aféieren, wou nëmmen déi kënnen doheem bei hire Kanner bleiwen, déi sech et leeschte kënnen, well de Staat dee Wonsch einfach finanziell net méi ënnerstëtzt, offréiert de Modell, deen d’ADR proposéiert bei manner Käschten vill méi Fräiheet fir deen eenzelnen, säi Liewen a seng Famill esou ze féieren, wéi si oder hien et wënscht.