Onwierdeg Behandlung vun de Katecheten

Aus Proadr géint déi onwierdeg a respektlos Behandlung vun de Katecheten huet d’ADR den 11. Juli an der Chamber och géint dat Gesetz gestëmmt, dat hir berufflech Zukunft regelt. Si hunn zwar op deen Text gewaart, well hir berufflech Zukunft drun hänkt. Op de leschte Stëppel ass d’Gesetz fäerdeg ginn. Mä aus Proadr géint déi Erniddregungen, deenen d’Reliounsenseignanten iwwer Joeren ausgesat waren a wéinst Inkohärenzen am Gesetzestext, huet d’ADR awer dergéint gestëmmt.  Wéi de FErnand Kartheiser erklärt huet: Wann d’Regierung scho Leit de Beruff an d’Existenz hëlt, huet si dat ze kompenséieren an dat misst awer mat Wierd a Respekt iwwer d’Bühn goen.

Deel dëse Post: