Onéierlech Hëllefsorganisatiounen

Alldeeglech gi Mënschen an der Ëffentlechkeet oder doheem un der Hausdier vu Spendesammler ugesprach. Och iwwer Online-Déngschter a Broschüre ginn d’Leit reegelméisseg zu Spenden opgeruff.  Esou luewenswäert a mënschefrëndlech esou Initiativen och kënne sinn, muss een awer bedenken, datt leider net all vun dësen Organisatiounen éierlech sinn. Ënnert deenen Organisatiounen an Initiativen, déi allgemeng bekannt sinn, sinn der vill, déi net ëmmer bekannt ginn, wat mam Geld geschitt, dat hinne vu Privatleit gespent gëtt. Hunn d’Bierger d’Recht, sech vun de Spendesammler eng offiziell Geneemegung weisen ze loossen? Wa jo, op wat mussen d’Leit an dësem Fall besonnesch oppassen?

Deel dëse Post: