Zu Rëmerschen gëtt et den „Haff Réimech“, e Naturreservat. D’ADR Fraen an hir Frënn haten de 5. August eng flott Féierung duerch dëst Häerzstéck vun der Lëtzebuerger Naturlandschaft.

Zu Rëmeleng ass de Grouwe-Musée jo scho laang eng flott Touristenattraktioun, déi och vill Lëtzebuerger unzitt. D’ADR Fraen hunn sech och deen, de 16. Juli 2017, emol ugekuckt.

Ënnert der Leedung vun engem sympatheschen, fachkundege Guide hunn si sech déi schwéier Aarbecht ënnert dem Buedem erkläre gelooss, déi ganz enk mat dem Räichtum vun eisem Land verknäppt ass.

Wéi all Kéiers, wann si ënnerwee sinn, haten d’ADR Fraen an hir Frënn och dës Kéier e sympatheschen Dag zesummen.