Den 22. November gouf an der Chamber iwwet d’Reform vum Ofdreiwungsgesetz ofgestëmmt. De Fernand Kartheiser huet a senger Ried nach eng Kéier ënnerstrach, datt d’ADR sech resolut fir de Schutz vum Liewen asetzt. Aus deem Grond huet d’ADR-Fraktioun, mat Ausnam vum Jacques-Yves Henckes, géint de Gesetzesprojet gestëmmt.

D’Ried vum Fernand Kartheiser

Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

Gär schléissen ech mech menge Virriedner un, fir dem Här Rapporteur Merci ze soe fir e ganz kompletten an interessante Rapport. An ech wëll och gläich am Ufank vu menger Ried ënnersträichen, datt mer eng Regel an der Partei hunn, datt eis Deputéierten an ethesche Froe Fräiheet hunn, fir sech anescht auszedrécken an den Här Henckes wäert vun deem Recht profitéieren.

D’ADR, Här Präsident, ass resolut fir de Schutz vum Liewen an dowéinst och géint eng weider Liberaliséierung vun der Ofdreiwung. Dat Gesetz vun 1978 soll eiser Meenung no onverännert weider gëllen.

D’ADR wiert sech och géint all Minimiséierung oder souguer Banaliséierung vun der Ofdreiwung. D’Zuelen dinn ee schudderen: et gëtt vun de Gynäkologen geschat, datt all Joer tëschent 1.500 an 2.000 Kanner duerch eng Ofdreiwung stierwen. Si feelen eis, net nëmme statistesch oder demographesch, mä virun allem mënschlech. 2.000 Kanner, deene mir hätte kënnen eis Léift ginn, an déi eis Gesellschaft duerch hiert Laachen, hir Iddien, hir Kreativitéit, hir Talenter, hir Aarbecht a spéider och duerch hir eege Kanner méi räich a méi schéi gemaach hätten.

Ëmsou méi verwonnerlech ass et, datt zënter 1978 net eng eenzeg Persoun wéinst enger Ofdreiwung juristesch poursuivéiert ginn ass. De facto besteet also schonn eng Depenalisatioun an eng Stroffräiheet. D’Justiz muss sech an deem Kontext och froen, wéi eescht, datt si et mam Schutz vum Liewen hëlt.

Trotzdem ass déi legislativ Diskussioun ëm d’Ofdreiwung vun zentraler Wichtegkeet, wëll duerch seng Gesetzer setzt de Staat och moralesch Moossstief. Hie beaflosst an norméiert an engem gewëssene Mooss d’Verhale vun de Bierger a muss sech dowéinst senger Verantwortung bewosst sinn. Dat gëllt besonnesch dann, wann et ëm de Schutz, also ëm de Stellewäert vum ongebuerene Liewen an eiser Gesellschaft geet.

Déi Debatt iwwer d’Reform vum Gesetz vun 1978, déi mir an deene leschte Joeren haten, charakteriséiert sech awer leider duerch e puer grave Defizienzen.

Déi éischt Defizienz ass déi ganz selektiv Approche vun den invoquéierte Referenztexter fir eng Ännerung vum Gesetz ze justifiéieren. D’Regierung, de Staatsrot an anerer hunn Uerteeler, Resolutioune vum Europarot oder vum Europaparlament zitéiert an och gläich sou interpretéiert, datt si konnten Argumenter fir d’Ofdreiwung doraus ofleeden. Wichteg Texter an Uerteeler déi d’Recht op Liewen dekretéieren a protegéieren sinn awer an dëser Debatt net zitéiert an net analyséiert ginn. Vun der Allgemenger Mënscherechtserklärung, iwwer d’Europäesch Mënscherechtskonventioun bis zur Kannerrechtskonventioun an Uerteeler z.B. vum däitsche Verfassungsgeriicht oder vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff iwwer den Ufank vum Liewen an de Schutz fir d’Mënschen an hir Dignitéit vun Ufank un – näischt dovunner gouf zitéiert, well et d’Absicht vun all deenen, déi hei mat decidéiert hunn, gestéiert hätt. Et gouf och net drop higewisen, datt eng Resolutioun vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, wéi déi vum 16. Abrëll 2008, iwwerhaapt keng contraignant Wierkung huet. Ech halen also fest, datt an dëser Debatt wichteg a verflichtend juristesch Dispositiounen, déi hätte kënnen a misse fir de Schutz vum ongebuerene Liewen invoquéiert ginn, net ernimmt goufen.

Net anescht goung et dem lëtzebuergeschen „Code de déontologie de certaines professions de santé“ (Art. 3) oder och eisem Gesetz vun 1978, dat mir haut reforméieren, an dat direkt a sengem alleréischten Artikel seet: „La loi garantit le respect de tout être humain dès le commencement de la vie“. An dono eréischt gëtt d’Ofdreiwung als eng – ënner Konditiounen – stroffräi Ausnam zu där Regel beschriwwen.

Dës absolut Eesäitegkeet ass déi juristesch Defizienz an dëser Diskussioun.

Déi zweet Defizienz ass eng moralesch. Wichteg Institutioune vum Land hunn sech der Debatt iwwer de Schutz vum ongebuerene Liewen einfach entzunn an hunn sech alleng op d’Selwerbestëmmung vun der Fra konzentréiert – dat Wuert „Mamm“ koum an deem Kontext sou gutt wéi ni vir, genee sou mann iwwregens wéi dat Wuert „Kand“.

De Staatsrot seet hie géing „Abstraktioun“ maachen „d’un examen des différentes théories du début potentiel de la vie de l’être humain dont les droits fondamentaux doivent être protégés, ainsi que du statut juridique du fœtus“. Zwou Zeile fir dem fundamentaalste moralesche Problem an dëser Debatt lasszeginn – sou einfach kann een et sech maachen!

Den Ombudskomitee fir d’Rechter vum Kand (ORK) schwätzt zwar iwwer d’Situatioun vun de mannerjärege Fraen an aneren Ëmstänn, seet awer kee Wuert iwwer d’Recht op Liewe vum ongebuerene Kand.

Eis Commission consultative des Droits de l’Homme (CCDH) seet, si géing net fir oder géint d’Ofdreiwung Positioun huelen, mä schreift da gläich zwee Avisen, nodeem si sech autosaiséiert huet, an deenen et nëmmen drëm geet, fir déi maximalisteschst Pro-Ofdreiwungsfuerderungen esou wäit wéi méiglech z’ënnerstëtzen.

Dat ass net nëmmen e Versoe vun eisen Institutiounen, et ass e Versoe vum Gewëssen an eiser Gesellschaft. Keen däerf sech dem fundamentaalste moraleschen Aspekt vun der Diskussioun iwwer d’Ofdreiwung einfach entzéien.

Déi ongebuere Kanner hate leider net vill Affekoten an dëser Debatt!

Déi drëtt Defizienz ass déi vun der biologescher Negatioun, an domadder mengen ech, dat ee sou mécht, als wär dat neit Kand eigentlech nach kee richtegt Kand, kee richtege Mënsch, well jo jiddefalls och mol nach keng Persoun am juristesche Sënn; als wären e Fœtus oder en Embryo iergendeppes „Nach-net-Mënschleches“, dat een dann och ka mat engem eenegermoosse rouegem Gewëssen, wéi et heescht, „ewechmaachen“.

Déi Attitude ass net nei an der Ofdreiwungsdebatt. Schonn an de 60er Joeren hate mir pro-Ofdreiwungs-Sloganen héieren, wéi „Mäi Bauch gehéiert mir“. Dat stoung och iwwregens ni zur Debatt, mä dat Kand an der Gebärmutter, dat gehéiert just sech selwer an et huet e Recht op Liewen an domadder e Recht op Schutz a Respekt, an zwar vun där alleréischter Sekonn un. Et sollt een dowéinst net vum „contenu utérin“ schwätzen, deen ee bei enger Ofdreiwung medikamentös oder chirurgesch eliminéiert, mä vum „enfant non né“.

Et gëtt keng temporal Grenz, kee Stéchdag, wéini een ufänkt e Mënsch ze sinn; et entwéckelt een sech vun der Befruchtung un ALS Mënsch an net ZUM Mënsch. An der 10. Woch vun der Schwangerschaft ass d’Ausbildung vum Kand schonn ofgeschloss, scho laang virdru schléit dem Kand säin Häerz an et reagéiert op Péng. Et iwwerrascht dowéinst net, datt d’Gynekologen an der Chamberkommissioun gefrot hunn, fir d’Méiglechkeet vun enger Ofdreiwung op déi éischt 10 Wochen vun enger Schwangerschaft ze limitéieren, amplaz op 12. Deem ass leider net Rechnung gedroe ginn.

Niewent dësen dräi Gronddefizienzen an dëser Debatt, regrettéiere mir nach op d’mannst fënnef aner Aspekter :

  • déi restriktiv Interpretatioun vum Begrëff vun der Selwerbestëmmung vun der Fra

  • d’Subjektivisiéierung vun der Rechtfäerdegung fir d’Ofdreiwung

  • déi eesäiteg negativ Duerstellung vum Mann a vum Papp an enger Rei vun Texter

  • d’Schwächung vun der « autorité parentale »

  • an de Mëssbrauch vu Begrëffer aus der Medizin.

D’Selwerbestëmmung vun der Fra steet am Zentrum vun dëser Reform a gëtt hei als déi wahrscheinlech wichtegst Neierung presentéiert. Si decidéiert elo eleng an, wéi et heescht, « souverän », ob si an enger « détresse » ass an dowéinst wëll ofdreiwen.

Dozou ass allerdéngs ze soen, datt dat eng verkierzte Lecture vun der Selwerbestëmmung ass. Mir schwätze jo hei wuelverstan net vum Fall vun enger Ofdreiwung no enger Vergewaltegung, mä mir schwätze vun enger Ofdreiwung no engem fräiwëllege Geschlechtsverkéier. An et ass nun eemol sou, datt de Geschlechtsverkéier, och wa mir haut an enger genosssüchteger Gesellschaft liewen, net fräi vun der Dimensioun vun der Verantwortung ass. Mann a Fra droe beim Sex Verantwortung fir hir Gesondheet an eventuell och fir déi vun aneren, a si droe Verantwortung wann et, wat jo bekanntlech net onméiglech ass, zur Befruchtung an domat zum Entstoe vun neiem Liewe kënnt. An et ass vill iwwer Selwerbestëmmung an dëser Debatt geschwat ginn, iwwer d’Verantwortung awer net!

D’Ofdreiwung, an dat seet jiddereen an dëser Debatt, däerf keng Bequemlechkeetsléisung sinn, keng verspéide Method fir eng Familljeplanung. Mä an der Praxis ass dat awer leider dacks de Fall. Den Altersduerchschnëtt an d’Familljesituatioune vu ville Fraen, déi ofdreiwen, weisen och, datt et normalerweis net un engem Informatiounsdefizit louch, wann et zu enger ongewollter Schwangerschaft koum.

Et ass an deem Zesummenhank och schockant, datt eng Institutioun, déi hei am Land ganz vill Ofdreiwunge mécht, ausgerechent « Planning familial » heescht.

An all déi, déi e sougenannte „Recht op Ofdreiwung“ als en Deel vun de Fraerechter gesinn, wëll ech och drun hiweisen, datt duerch d’Méiglechkeet vun enger ganz fréier Determinatioun vum Geschlecht vum Kand d’Meedercher e méi héijen Ofdreiwungsrisiko wéi d’Jongen hunn.

Mat der Aféierung vun der subjektiv empfonntener « détresse » als allgemengen Ofdreiwungsgronn, als déi nei allgemeng Indikatioun souzesoen, ass de Schrëtt vun der Objektivitéit an der gesellschaftlech akzeptéierter Ausnamereegel an d’Belibegkeet gemaach ginn.

Fir Fraen, déi an enger Gewëssensnout sinn, gëtt d’Situatioun net doduerch méi einfach gemaach, datt et op eemol un all objektivem Critère feelt an datt keen Dokter duerch säin gesetzlech fondéierten Avis der Fra méi kann en Deel vun der Verantwortung ofhuelen.

Virun allem ass et och fir d’Gesellschaft net richteg eng subjektiv empfonnten „détresse“ einfach als Ofdreiwungsgronn z’acceptéieren. Vill méi wär et un der Gesellschaft an un eisem solidaresche Sozialstaat enger „détresse“ entgéintzewierken, an d’Kand ze retten, doduerch datt si der Mamm oder de jonken Elteren an hirer „détresse“ hëlleft. Dat gëtt awer hei net probéiert, well haaptsächlech no enger Excuse fir eng méi einfach Ofdreiwung gesicht gouf, an net no enger Méiglechkeet fir d’Zuel vun den Ofdreiwungen erofzesetzen. Fir d’Gesellschaft heescht dat awer, datt si hir Solidaritéitsflicht bei Ofdreiwunge wéinst enger reeller « détresse » verletzt.

Och ass net all ongewollte Schwangerschaft eng „situation de détresse“. Et gëtt, wéi richteg an e puer Avise gesot gouf, keng juristesch präzis Definitioun vun deem Begrëff. Dee Manktem géing zu juristeschen Onkloerheete féieren an ënner anerem dowéinst ass jo déi geplangten Indikatiounsléisung vun der „détresse sociale“ net zréckbehale ginn. Mä elo ass déi Notioun an deem neie Gesetz generaliséiert ginn, och ouni Definitioun an ouni Appreciatioun vun engem Aussestehenden. Domat ass d’Notioun vun der „détresse“ gläichzäiteg och banaliséiert ginn.

Iwwer de Rôle vum Mann wär och vill ze soen. An dëser Debatt gouf de Mann nees allze dacks als de Schëllegen duergestallt; deen, deem seng Schold et eigentlech ass; deen, dee sech aus dem Stëbs mécht; deen (an hei gouf de Begrëff mol zur Ofwiesslung eng Kéier gebraucht), dee seng Verantwortung net wëll iwwerhuelen oder och nach als deen, deen d’Fra ënner Drock setzt. Leider – an dat ass eng Tatsaach – gëtt et där Männer.

Mä iwwer dee Mann, dee vläicht mol näischt vun der Schwangerschaft weess, oder iwwer deen, deen als Papp d’Kand vläicht wéilt halen an et eben net wëll ofdreiwen, iwwer dee Mann gouf net vill geschwat. Hien huet keng Rechter!

D’Mënscherechtskommissioun huet et souguer fäerdegbruecht an hir Recommandatiounen ze schreiwen, dat een d’Männer soll fir eng verantwortlech Sexualitéit sensibiliséieren. Mä et geet jo net nëmmen drëm, datt d’Männer hir Sexualitéit verantwortlech liewen, mä d’Frae genee sou! Et wär vläicht gutt, wann sech déi Mënscherechtskommissioun mat hire Viruerteeler géint Männer mol géing selwer a Fro stellen. Gläichberechtegung heescht och gläich Verantwortung.

Nach méi bedenklech ass de Prozedere vum Staatsrot. An der juristescher Chamberkommissioun gouf matgedeelt, datt de Staatsrot eng Ad-hoc-Kommissioun zesummegestallt hätt fir den Avis vum Staatsrot iwwer d’Ofdreiwungsgesetz ze schreiwen, an zwar eng, déi just nëmmen aus Frae bestanen huet. Elo ginn also schonn d’Männer institutionell ausgegrenzt, wann et ëm d’Diskussioun vun enger zentraler ethescher Fro vun der Gesellschaft geet. Dat ass inakzeptabel an och de Staatsrot misst eis mol vläicht erklären, wat do genee geschitt ass.

Suergen mécht eis och d’Ofschwächung vun der „autorité parentale“. Datt een hei eng ganz einfach Méiglechkeet opmécht fir laanscht d’Elteren ze decidéieren, werft och eng ganz Rei vu Froen op. Dacks wären d’Elteren eng wichteg Stäip fir hiert Meedchen an hiert zukünftegt Enkelkand. Am Vergläich mat aneren, wäit manner dramatesche Liewenssituatiounen, ass hei d’Autoritéit vun den Elteren op eng iwwerdriwwe Manéier ageschränkt ginn.

A schliisslech ass eng Schwangerschaft keng Krankheet ! Et muss een oppassen, wann een, wéi de Staatsrot, Referenze mécht op eng „continuation des soins aux malades“, oder d’Ofdreiwung einfach als eng Gesondheetsfro, als eng Fro vun enger „santé sexuelle et reproductive“, oder enger „prestation de santé publique“ duerstellt. Och mat sou enger Terminologie wëll ee vertuschen, datt hei e Kand stierft.

Här Präsident,

Och wann d’ADR net ka mat enger Liberaliséierung vun der Ofdreiwung d’accord sinn, sou sinn awer verschidden Elementer an der Diskussioun vun de leschte Wochen ze begréissen.

Dat éischt ass, datt jidderee Wäert op eng gutt Sexualopklärung an de Schoule leet. Déi juristesch Kommissioun wollt dozou eng Debatt organiséieren, déi gehéiert awer selbstverständlech an d’Kommissioun vun der Education nationale. Jiddefalls musse mir sécher stellen, dat jiddereen u sou engem Unterrecht deelhëlt, och onofhängeg vun all Relioun.

Dat zweet ass, datt mir all Wäert op d’Präventioun vun net gewollte Schwangerschafte leeën. Politesch si mir eis eens, datt et an deem Sënn richteg ass fir de Jugendleche gratis Verhütungsmëttel zur Verfügung ze stellen. Dat soll awer gläichermoosse fir d’Meedercher a fir d’Jonge gëllen. Bei aller Grousszügegkeet, wat d’Contraceptioun ugeet, sollte mir awer och Wäert drop leeë fir de jonke Leit ëmmer nees däitlech an Erënnerung ze ruffen, datt eng geliefte Sexualitéit eben och eng Dimensioun vu Verantwortung huet.

Och déi vill diskutéiert obligatoresch psycho-sozial Berodung ass am Prinzip eng ganz positiv Saach. Ville Fraen oder Koppele kënnen an esou Berodunge Weeër opgewise ginn, fir hiert Kand ze behalen. Si ass och keng Limitatioun fir déi perséinlech Fräiheet, well si erlaabt et jo eréischt eng wierklech fräi Decisioun op Basis vun enger besserer Informatioun ze huelen. Domadder gëtt d’Fräiheet vun der betraffener Mamm oder Koppel also gestäerkt.

Dem Staat steet et selbstverständlech och zou, fir sou eng Consultatioun virzeschreiwen. Dat ass e minimalen Agrëff an d’Privatsphär, deen awer duerch déi staatlech an och déi moralesch Flicht, dat ongebuerent Liewen ze schützen, méi wéi justifiéiert ass.

Positiv ass och, datt nach eemol ënnerstrach gëtt, dat keen Dokter oder „auxiliaire médical“ däerf kënne gezwonge ginn, fir un enger Ofdreiwung deelzehuelen oder Schrëtt an déi Richtung z’ënnerstëtzen. Erënnert sief och hei un den Hippokrateschen Eed, dee leider net méi sou vill Relevanz an eiser Géigewaart huet. D’Gewëssensfräiheet vun all Dokter, Apdikter oder all anerem medizinesche Personal muss allzäit an a vollem Ëmfank respektéiert ginn!

Här Präsident,

Mat engem gewëssene Recul musse mir awer och feststellen, dat d’Argumentatioun fir déi gesetzlech Ännerungen am Gesetz u sech relativ schwaach ass. Et gëtt geschwat vun enger Upassung un déi gesellschaftlech Entwécklungen hei am Land – en Argument, dat de normative Rôle vum Staat awer onnéideg relativéiert – a vun enger Upassung un d’Legislatioun an den Nopeschlänner an domadder verbonnen och eng Hoffnung, datt et zu engem Enn vun den Ofdreiwungsreesen an d’Ausland kënnt. Domadder ass awer net ze rechnen, well vill vun den Ofdreiwungen am Ausland gemaach ginn, well déi gesetzlech Fristen hei am Land schonn iwwerschratt sinn, oder well vill Fraen aus Diskretiounsgrënn léiwer an d’Ausland ginn. Dorunner wäert sech och an Zukunft näischt änneren.

Här Präsident,

Trotz der obligatorescher zweeter Konsultatioun ass dat neit Gesetz praktesch eng Fristeléisung. Déi Tatsaach, datt eng Fra, déi wëll ofdreiwen, sech och nach selwer muss schrëftlech confirméieren, datt si an der zweeter obligatorescher Consultatioun war – där hir Modalitéiten och nach net präziséiert sinn – ass eng inhärent Schwächt vun dësem Gesetz.

Och d’Theorie, datt eng Ofdreiwung soll eng Ausnam sinn a kee Mëttel zur Familljeplanung, gëtt duerch d’Praxis dementéiert. Bei wahrscheinlech bis zu 2.000 Ofdreiwungen am Joer kann een net méi vun Ausname schwätzen. Et handelt sech ëmmerhin ëm ronn en Drëttel vun der Zuel vun de Gebuerten!

Mir däerfen awer als Staat d’Ofdreiwung net einfach sou als eng Fatalitéit akzeptéieren. De Staatsrot huet sech a sengem Avis op e franséischen Text beruff, deen d’Ofdreiwung als eng „composante structurelle de la vie sexuelle et reproductive“ bezeechent. Dat däerf et awer net sinn! Mir mussen als Staat vill méi determinéiert fir de Schutz vum Liewen antrieden. Mir mussen eng Diskussioun féieren, wéi mir Mammen a Koppele kënnen encouragéiere fir hiert Kand ze behalen, mir mussen iwwer d’Adoptioun diskutéieren, den „accouchement anonyme“ a Babyklappen. All Piste, déi sech offréiert fir Kanner ze retten, musse mir hei exploréieren an diskutéieren. Nëmme sou kréien déi Bekenntnisser fir d’Liewen an zum Avortement als Ausnam, déi mir och haut hei héieren hunn, eng gewësse Credibilitéit – wann de Staat eng erkennbar Politik fir d’Rettung vun de Kanner entwéckelt an ëmsetzt. Mir soen als ADR och decidéiert jo zu de materiellen Hëllefen, déi néideg sinn, fir jonk Mammen a jonk Koppelen z’ënnerstëtzen!

Här Präsident,

Et gëtt kee Recht op Ofdreiwung, mä et gëtt e Recht op Liewen. Mir ginn haut och kengem e Recht op Ofdreiwung – wat eis och net géing zoustoen -, mä d’Chamber decidéiert haut eng nei rechtlech Regelung vun der Ofdreiwung. D’Doutmaache vun engem anere Mënsch muss verbueden a strofbar bleiwen, an nëmmen a streng reglementéierten Ausnamefäll ass en Ugrëff géint dat mënschlecht Liewe virstellbar.

Den Här Pierre Werner wor mat der CSV an d’Oppositioun gaangen, ënner anerem och wéinst der Ofdreiwung. Haut ass d’CSV eng Partei ginn, déi d’Euthanasie mat erméiglecht huet, haut eng bal-Fristeléisung bei der Ofdreiwung aféiert an am Gaang ass d’Homosexuellebestietnis mat der Méiglechkeet vun der Adoptioun vu Kanner virzebereeden. Alles dat huet mat chrëschtleche Virstellungen näischt méi ze dinn.

Et wär gutt, wann d’CSV endlech géing – mol zur Ofwiesslung – de Wee vun der Éierlechkeet goen, mä dee fënnt si genee sou mann wéi de berühmte séchere Wee. Jiddefalls huet den „C“ an hirem Numm näischt méi verluer.

Ech sinn houfreg op meng Partei, datt si dës moralesch Positioune vertrëtt, an ech sinn hir dankbar, datt si de Wee vun der Mënschlechkeet net verléisst.

 Et gëllt dat geschwatent Wuert