D’ADR ass der Meenung, datt d’Reliounen an déi humanistesch Philosophien zum Gedankegutt vun enger demokratesch-pluralistescher Gesellschaft bäidroen. Dat huet si schonns virun dräi Joer an hirem Walprogramm festgehalen. Aus deem Grond kann si d’Kritik um Äerzbëschof sengem rezenten Hiertebréif net novollzéien. D’ADR erënnert dorunner, datt si sech géint eng weider Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz asetzt.

A sengem rezenten Hiertebréif huet sech den Äerzbëschof kloer géint d’Ofdreiwung ausgeschwat. Hien huet drun erënnert, wéi wichteg et ass den Eltren, déi eng schwiereg Situatioun duerchliewen, z’ënnerstëtzen. Wat d’Reform vum Ofdreiwungsgesetz ugeet, gi souwuel d’Zesummeleeë vun der medizinescher a sozial-psychologescher Betreiung wéi och d’Bedenkzäit vun dräi Deeg kritiséiert.

D’ADR huet schonns virun dräi Joer an hirem Walprogramm festgehalen, datt d’Reliounen an déi humanistesch Philosophien zum Gedankegutt vun enger demokratesch-pluralistescher Gesellschaft bäidroen. De spirituellen, kulturellen a soziale Bäitrag vun de Kierchen a vun de reliéise Gemeinschaften däerf net a Fro gestallt ginn. Ganz onofhängeg vun den Iwwerzeegunge vum Eenzelnen ass dem Äerzbëschof seng Stellungnam an deem Sënn ze begréissen. Bei esou enger wichteger Gesellschaftsfro sollen all d’Positioune geäussert a gelauschtert ginn.

D’ADR ass hirersäits géint eng weider Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz. Si gesäit kee Bedarf fir den aktuellen Text grondleeënd ëmzeänneren. De Schutz vum Liewe gehéiert zu de Grondprinzipien, fir déi sech d’ADR asetzt.